Dataset Viewer
Auto-converted to Parquet Duplicate
Source
stringclasses
10 values
Texte
stringlengths
2
16.8k
Léon Gloden
Ech géif d’Fro iwwer d’Broschür, ech mengen dat kann den Här Bley als Direkter vum HCPN beäntwerten. Iwwert den LU Alert-System: dat ass wéi gesot de multikanal System, an all Verwaltung soll iwwert dee System kommunikéieren. Dat ass nach perfektibel. Et sinn eng Rei Messagen iwwert den LU Alert gaangen, mee Meteolux h...
Luc Frieden
Éischtens ass selbstverständlech d'Aarmut ëmmer ganz schlëmm an dofir hu mir och gesot datt mir dat ganz konkret uginn. Aarmut a de Risiko an d'Aarmut ze falen, et muss een och zwar an deene Chifferen nach ëmmer ënnerscheeden, well ech mengen datt do heiansdo a verschiddenen Presentatiounen eng Vermëschung vun deenen z...
Journalist
Ja, sie haben die Grenzkontrollen angesprochen, deshalb die Frage, ob Sie nähere Angaben haben ,von euch beiden, zu, in dem Kontext von der Ansage von dem deutschen Kanzler, wann die Grenzkontrollen dann ganz wegfallen könnten zwischen dem Saal und Luxemburg?
Luc Frieden
Jo. Ech wollt och nach eng Kéier soen datt déi Strategie eigentlech dräi, véier Voleten hunn. Dat eent ass, mir mussen d’Risiken anticipéieren. Risken, déi natierlech an der Zäit evoluéieren, well och déi, déi eis schlecht wëllen, oder heiansdo d’Natur, nei Riske kënne mat sech bréngen. Dann ass deen zweete Punkt: wéi ...
Luc Frieden
Ech mengen datt et wichteg ass wann ee Premierminister ass, datt een de Leit am Land nolauschtert. Ech hunn ni fonnt, datt een e Premierminister ass, dee soll sinn, deen einfach vun uewen erof decidéiert. Mee et ass och keen dee just eppes decidéiert wann iergendeen iergendwou gären eppes hätt. Et muss een e Land regéi...
Gilles Roth
Sou, wann da keng Froe méi sinn, da géing ech Iech villmools merci soe fir Är Presenz. A mir schaffen dann drun, datt mir déi Moossnamen esou séier wéi méiglech an d’Chamber kënnen hannerleeën. Éischt kéinte schonns bis un d’Enn vun dësem Mount duerch de Regierungsrot goen.
Guy Bley
Villmools merci, Här Premierminister. Jo, et ass esou, datt effektiv d’Risiken evoluéieren a mir hu probéiert eng Approche ze fannen datt mir wierklech eng komplett Approche hu fir d’ganz Regierung, fir alleguerten d’Secteuren. Fir datt mir par Rapport zu all de Risiken ee System hunn, wat ee Land huet wat resilient as...
...
auch zwischen Deutschland und Frankreich.
Journalist
An fir déi Saach fir déi Zënssubventioun fir déi jonk Leit? Wéi funktionéiert dat? Kritt een do...wat sinn do d’Krittären ausser manner wéi 35 Joer? Ech menge muss een do eng Contrepartie...? oder kritt een einfach esou Sue vum Staat fir beim Prêt ze hëllefen?
Journalistin
Michèle Sinner, RTL. Ech hunn zwou Froen, ech mengen, déi ginn haaptsächlech un den Här Gloden. Dir hutt vun engem Guide geschwat, deen am Oktober erauskënnt. Ass dat do wou Dir eis sot wéi vill Raviolisbéchsen mir mussen an d’Spëndchen tässelen? Wat ass dee Guide? Wat kënnen d’Leit sech dovunner erwaarden? Respektiv h...
Luc Frieden
Ech wollt nach eng Kéier soen dass mir net... dës Regierung ass keng Regierung déi d’Leit zu eppes forcéiert hei. Ech mengen d’Leit si mündeg Bierger. Et si gutt informéiert Bierger. Dofir ass och eis Strategie datt mir elo d’Leit mol informéieren, datt den HCPN zesumme mat all deenen Acteuren déi do mam HCPN zesummesc...
Léon Gloden
Nee, ech hu jo e konkreet Beispill gesot: wann eng Gemeng an Zukunft zum Beispill eng Sportshal baut. Normalerweis fann do jo Sportsaktivitéiten dran. A wann een déi Infrastruktur resilient baut, dat heescht, ech gesi fir datt ech esou vill Better do kann opstellen. Dat heescht, ech muss souvill Feldbetter kafen, ech m...
Gilles Roth
Fir den Eegenheem hu mir effektiv, wéi Dir sot, esouwuel de Steierkredit wéi och den Akt op dem Terrain bis datt ech de Gros oeuvre fermé realiséiert hunn. Déi Moossnam “acte sur terrain” bis datt de Gros oeuvre fermé realiséiert ass, zielt och fir d’Location. Den Amortissement accéléré spillt fir d’Locatioun an déi 8%...
Guy Bley
Déi Kultur mat abannen, dat ass eng vun den Aktioune bei der Société résiliente. Mir hunn a Finnland zum Beispill gesinn, ech hunn de Moien d’Beispill och gesot: hei am Land, wa mir Iwwerschwemmungen hunn a mir wëllen eis Bevëlkerung zum Beispill evakuéieren an eng Sportshal, da stelle mir eis haut Froen: wéi maache mi...
Journalist
Jo... Just nach eng aner Fro an ech mengen Dir hat et och schonn ugeschnidden...Här Meisch, Dir waart jo och éischter ee vun de Kritiker par rapport zu fiskale Mesuren, déi d’Demande stäerken. Well dat riskéiert d’Präisser an d’Luucht ze drécken. Dir hutt elo déi Plaffonge genannt an esou weider, fir dat probéieren ze ...
Luc Frieden
Merci dem Inneminister an dann d’Ministesch fir d’Defense.
Guy Bley
Merci. Wann Dir erlaabt, Här Inneminister. Ech géif Iech kuerz komplettéieren, well den LU Alert war och e Sujet an der Cellule d’évaluation vun den intempéries, wou mir ëmmer zesummekommen. An et ass och do, wou zesumme mat Meteolux gekuckt gëtt, wéi eng Alert erausgeet. An do hu mir ëmmer verschidde Kanäl, déi mir kë...
Gilles Roth
Jo
Journalist
E Wuert zu, Pardon, “lessons learnt”. Am Moment schéngt eng Grippewell amgaangen ze sinn. Et gouf elo net vill kommunizéiert iwwert Gestes-barrièren oder dass ee soll oppasse wann ee Symptomer huet, fir net bei vulnerabel Leit ze goen.
Luc Frieden
Jo, merci villmools Här Direkter. Also Dir gesitt eng gutt preparéiert Gesellschaft ass eng resilient Gesellschaft an dofir geet et also drëm fir datt mir gemeinsam, an ech ënnersträichen dat “gemeinsaamt”, eis gutt preparéieren op d’Defie vun haut a vu muer. A wéi gesot, den Här Bley huet dat beschriwwen: d’Risken änn...
Luc Frieden
Ëmmer mat der Philosophie: wat maache mir wann dëst an dat geschitt. A wann een da weess: majo, do huet een eng Sportinfrastruktur wou vläit Better stinn, oder méi Toiletten, oder wat een alles do brauch, dann ass ee preparéiert. Grad sou wéi déi Broschür, vun där virdru geschwat ginn ass. D’Finalitéit ass ëmmer déi nä...
Claude Meisch
Einfach esou Sue vum Staat, dat wier e bëssi vill schéin. Mee et ginn natierlech Krittären. Een zousätzleche Krittär, datt ass elo datt ee méi ka kréien, wann ee méi jonk ass. Well mir gesinn, datt d’Situatioun bei deene Jonke besonnesch schwiereg ass fir u Prêten ze kommen. A wa Jonker sech näischt méi kënne kafen, me...
Luc Frieden
Une réforme de la Constitution n’est pas prévue à ce sujet. Mais la discussion sur comment défendre la démocratie, l’état de droit, comment assurer la continuité du gouvernement, de la Chambre des députés, en toute situation de crise, fait évidemment partie de la réflexion. Et c’est même la raison pour laquelle, comme ...
Luc Frieden
Danke. Wir nehmen heute nur eine oder maximal zwei kurze Fragen, weil es gibt ein Treffen, das kurzfristig anberaumt worden ist der Coalition of the Willing und Präsident Macron. Und ich muss dem als Premierminister beiwohnen, weil es da um die Zukunft der Ukraine geht. Und deshalb ,wenn eine oder zwei Fragen kurz da s...
Journalist
Ok. Merci villmools.
Gilles Roth
Et ass aktuell 5% wärend 5 Joer. Mee sous Conditioun datt een net méi wéi 2 Immeubles vun deem Regimm profitéieren huet an déi mussen och ënner enger Millioun sinn.
Journalist
Also ech hunn nach eng Fro zu der Roll vun de Banken. Dat ass jo alles schéin a gutt, mee wann déi keng Prête ginn, dann hëlleft dat jo och alles näischt. Hutt Dir och Kontakter mat der Bankewelt iergendwéi oder wat sinn Är Gedanken dozou?
Journalist
Dir hutt virdru vun Ärem Bilan geschwat. Meng Fro ass: wat fir eng Nott géif Dir Iech ginn, vun 1 bis 10, fir Äre Bilan? An déi zweet Fro ass: wat sinn Är dräi Haaptprioritéite fir déi sechs nächst Méint?
Luc Frieden
Et handelt sech em eng national Tripartite, déi ech zesumme mam Vizepremier wäert leeden a mat all deenen zoustännege Ministeren déi dozou gehéieren. Et ass also eng Tripartite an enger breeder Kompositioun um héchsten nationalen Niveau.
Luc Frieden
Sou, dir Dammen an dir Hären, e schéine gudde Mëtteg. Ech wollt fir d’éischt, op dësem historeschen Dag, Iech meng Erliichterung a Freed ausdrécken, iwwert d’Liberatioun vun de Geiselen am Noen Osten. Déi Leit si vill ze vill laang als Geisele vun der Hamas gehale ginn. An et kann ee sech nëmme virstellen, déi enorm So...
Journalist
Ech wollt just nach froen, bei der Zënssubventioun op engem Immobiliekredit, do ass d’Formulatioun fir mech och...ech si vläicht och einfach lues haut...mee de maximale Prêt fir d’Berechnung vun der Zënssubventioun gëtt vun 200.000 op 300.000 Euro erhéicht. Kann een dat anescht formuléiere vläicht fir datt et méi verst...
Anke Rehlinger
Wir haben ja, glaube ich, in erster Linie jetzt über die bestehende Verbindung gesprochen. Das ist die von Mannheim über Saarbrücken, über Konz, dann entsprechend nach Luxemburg. Darauf bezieht sich ja auch eine aktuelle Machbarkeitsstudie, die kurz vor der Finalisierung steht und die, zumindest meines Wissens, dann An...
Journalist
Maurice Molitor fir den 100,7. Ech hunn eng Fro nach zum Housing Bond. Ech mengen Dir hat do dee Moment Prozenter mat Jore vermëscht. Also: wat elo déi konkret praktesch Organisatioun ubelaangt. Hunn ech richteg verstanen datt et nach net kloer ass ob et eng Lafzäit vun 3 oder 5 Joer kritt?
Journalist
Et ass jo am Kontext och vun de méi héijen Defense-Ausgaben elo ganz vill rieds vun « dual use » an eben och dass net just Suen ausgi gi fir reng militäresch Zwecker, mee och fir eis Gesellschaft ofzesécheren. Kann een sech dann elo virstellen, dass eng Rei vun deene Mesuren, wéi vill och ëmmer, wäerte vun deem Etat do...
Journalist
Sydney Wiltgen vum Tageblatt. Ech wéilt och nach eng Kéier ganz kuerz op den LU Alert do zeréckkommen. Do ass, wéi elo just nach eng Kéier ugeklongen, Méindes dann, wou et dann um 12:00 Auer op rout geschalt gouf. Effektiv, ech hunn och elo eng Kéier nogekuckt, war iwwer SMS an iwwert d’App eng Warnung erausgaangen. As...
Gilles Roth
Sou...kënne mir ufänken? Gudde Mëtteg léif Vertriederinnen a Vertrieder vun der Press. Ech si frou zesummen Iech op dëser Pressekonferenz ze begréissen, mat dem Wunnengsbauminister, dem Claude Meisch. Jo et geet ëm Wunnengsbau...schonn erëm. All Mënsch dee brauch een Doheem. Eng Wunneng dat ass awer méi wéi just 4 Maue...
Journalist
Pol Reuter, reporter.lu. Vläicht dorunner uschléissend: et si jo nach eng Rëtsch Ausgaben och geplangt, also notamment déi grouss Steierreform, Individualiséierung wat de finanzielle Spillraum jo awer dann och erëm méi kleng mécht. Sidd Dir sécher datt Dir nach ëmmer, oder wäert Dir nach ëmmer un där 30%-Grenz festhale...
Journalist
A falls Lëtzebuerg déi eege Reegelung wäert maachen. Ab wat fir engem Alter wäert dat da sinn?
Journalist
Kënnt Dir dee Chiffer vun iwwer 400 Aarbechtsplazen, déi kéinte viséiert si vun der Amazon-Direktioun, confirméieren?
Journalistin
Jo, ech wollt nach kuerz bei der Resilienzstrategie bleiwen, et si vläicht och nach anerer, déi eppes wollte soen, mee.... Vu dass mir hei nieftenee sëtzen.... Merci. Wat kënnt da genee op d’Bierger elo zou, wann Dir sot et ass fräiwëlleg, mee mir mussen awer do iergendwéi e Changement de mentalité erreechen. Elo sché...
Journalist
Par rapport zu Revenu. Ass dat dat selwecht wéi fir e Logement abordable? Oder wéi?
Claude Meisch
Viru kuerzem huet de Staat jo keng Wunnenge kaf. A mir hunn der elo 830 kaf oder reservéiert schonn. An elo wäerte mir der nach eng Kéier 500, mat där doten Enveloppe schätze mir, kënne mir nach zousätzlech kafen. Nieft all deem wat Fonds du logement, wat SNHPM, wat d’Gemengen, wat d’Croix Rouge an all aner Acteuren oc...
Léon Gloden
Also, an där Circulaire si mir elo net op Klima-Anlagen agaangen, mee déi Infrastrukturen, an dat ass en ongoing process och am Kader vun däer Plateforme d’échange déi mir do hunn, wou ech gesot hunn 80% vun de Gemenge sinn an Tëschenzäit do mat dran, gëtt dat do permanent reevaluéiert. A wat gehéiert an Zukunft zu res...
Gilles Roth
Dat betrëfft de facto just d’VEFA well déi aner Wunnenge jo scho fäerdeg sinn. Dat heescht wann Dir eng Wunneng kaaft déi scho bewunnt ass an déi weiderverkaf gëtt, da sidd Dir jo net an der Ausgangspositioun datt nëmmen 80% vun der gesamter Constructioun realiséiert sinn. Dat ass och hei geduecht fir spezifesch de VEF...
Claude Meisch
Mir zwee hunn och der Chamber gesot, datt mir déi Steiermesuren hei wäerte genau suivéieren an och wäerten evaluéieren an och do Rapport wäerte virleeën . An och kucke wat fir eng Inzidenz datt dat op d’Präisentwécklung gegeebenenfalls hat an da kann d’Regierung, kann d’Chamber och zu all Moment dat erëm eng Kéier agrä...
Journalist
Christiane Kleer vum Radio 100,7. Dir sot Dir wëllt net iwwer konkret Mesure schwätzen. Wat kënnt Dir dann zum finanzielle Spillraum soen, deen d'Regierung sech gëtt?
Journalist
Et deet mir leed datt ech dat froen, mee et ass just et ass extreem schwéier vu baussen...also mat all den Technicitéiten souwisou... mee dann ze wësse wéi vill Wunnengen elo méi kaf gi sinn. Oder hutt Dir elo keng weider Engagementer méi geholl?
Journalist
Oui, moi je voulais vous demander si vos travaux incluaient une réflexion sur la Constitution, pour redéfinir la notion d’état de crise, qui n’est pas forcément très claire. On ne sait pas exactement ce que pourrait faire le gouvernement en cas de crise... Donc, qu’est-ce que... voilà. Ce domaine est-il travaillé aussi...
Luc Frieden
Ja, ich unterstütze das Ganze. Ich sage nur, was die Zweigleisigkeit anbetrifft: Wir haben auch in einem kürzlichen Gespräch zwischen unserer Transportministerin und dem Bundesverkehrsminister darüber gesprochen. Wir haben uns dazu verpflichtet, das letzte Stück, was noch zur deutschen Grenze zweigleisig auszubauen ist...
Journalist
Elo ofgesi vun den Entités critiques, wéi Spideeler asw., wou mengen ech, dat relativ kloer ass... Mee wann eeben eng Kéier eng Sportshal 200 Leit muss accueilléieren a sinn an der Sportshal 40 Grad wéi baussen och, dann ass do awer och net ganz vill gehollef. Dat heescht sinn och...oder fir déi bëssi méi breet ze stre...
Léon Gloden
Merci Här Premier. Och e schéine gudde Moie vu menger Säit. Resilienz geet jidderee vun eis eppes un. De Premier huet et gesot, de Staat, d’Gemengen, an d’Bierger. An als Inneministère si mir ënnert dem Lead vum HCPN zoustänneg fir d’zivil Sécherheet an dofir kënnt op eis an där Resilienzstrategie natierlech eng wichte...
Luc Frieden
Nee. Well ech Iech gesot hunn datt jo schonn éier mir dohinner gaange sinn, gewosst war, datt Amazon géif vun deenen 1,5 Millioune Mataarbechter der e puer dausend restrukturéieren. Dat hunn si eis jo och sur place gesot. Dofir ass dat eigentlech och fir Iech keng Nouvelle, well déi Nouvelle hutt Dir selwer op RTL an o...
Luc Frieden
Ech weess net wou Dir déi 30% do gelies hutt, well dat ass e Krittär deen an der viregter Regierung do stoung. Am Koalitiounsaccord steet, datt wat fir d'Regierung wichteg ass, ass datt mir den "Triple A" behalen, gesond Staatsfinanzen. Mir hu fir de Moment eng Staatsschold déi, mengen ech, bei 28% vum PIB ass. An eis ...
Luc Frieden
Ech sinn net mäin eegene Professer. Esou funktionéiert dat jo net. Dat ass um Bierger, fir déi Notten ze ginn. Ech soen: mir hunn eis Ziler ginn, a mir hunn déi Ziler erreecht. An doriwwer si mir zefridden. Natierlech kann et ëmmer méi schnell goen. Natierlech hätt een nach missten aner Saache maachen. Mee an eisen Zil...
Journalist
Här Bley, Dir hutt gesot et sinn 149 Mesuren hei an där Strategie dran. An do wieren der dobäi di hätten et a sech. Wat mengt Dir domadder? Gëtt elo eng Prioriséierung gemaach vun Domäner wou een elo mol als éischt muss reagéiere fir wierklech prett ze sinn?
Gilles Roth
Majo selbstverständlech hu mir net nëmme Kontakter zu der Bankewelt, mee mir hu virun allem Kontakter zum sougenannten „Comité du risque systémique“, dee formell de Finanzminister presidéiert. An dee mécht, a reegelméissegen Ofstänn, mécht deen eng Analys vum Immobiliemarché, dem Impakt vun den Immobiliekreditter op d’...
Journalist
Thomas Klein vum Luxemburger Wort. Dir hutt bei de Kolleege virun e puer Woche gesot, datt eng Tripartite, Dir nëmmen aberuffe wëllt wann et zwou Indextranchen an engem Joer gëtt. Kënnt Dir bëssen erkläre wouhier dee Sënneswandel kënnt. Hat sech d'Analys vun der Situatioun geännert? Oder ass et awer e bëssen den Drock ...
Anke Rehlinger
Ja, meine sehr verehrten Damen und Herren, sehr geehrter Premierminister, lieber Luc, In der Tat, ein Treffen von Nachbarn. Aber was wichtiger noch fast ist, ein Treffen unter Freunden. Das will ich sehr gerne bestätigen. Insofern ein herzliches Dankeschön für die Gastfreundschaft, für den guten, für den intensiven, ab...
Journalist
Eng ganz aner Fro: Den Okaju a sengem Rapport, si fuerderen dass den Zougang zu de soziale Medien ab 15 Joer misst sinn. Wat ass Är Meenung dozou? A misst dat och de Fall hei zu Lëtzebuerg ginn?
Luc Frieden
Nee, nee. Ech hu gefrot datt mir, ob mir do gutt ekipéiert wieren, an do gëtt mir gesot: jo, mir hu villes, mee vläicht brauche mir do nach e bëssche méi Leit, déi sech dorëms bekëmmeren, an dofir hunn ech an der Regierung gesot, datt ech gären hätt, datt op deene Plazen, wou där Experte vu Cyber-Sécherheet gebrauch gi...
Luc Frieden
An da soll een och net doriwwer schwätzen, well et geet jo drëm ebe resistent ze sinn, resilient ze sinn, an net deem ze soen, deen ee wëllt attackéieren, wat een alles en place huet.
Luc Frieden
Mir hu keng steierlech Moossnamen envisagéiert ze änneren, well dat si jo steierlech Moossnamen, déi applizéieren sech fir jiddereen d'selwecht. Di sinn net prezis fir Amazon gemaach ginn. Mir wëllen eng attraktiv Plaz si fir Betriber an engem internationale Konkurrenzfeld. Mir hunn den Aarbechtsminister gebieden Amazo...
Journalist
Ech hunn déi Mesure net benotzt, dowéinst wosst ech net méi ob et 4 oder 5 wieren. Bei den 0% Enregistrement, Här Roth, do hutt Dir och, léiwerweiss Är Ministèren hunn eis Beispiller ginn. Mee ech hunn net verstane wéi d’Formulatioun hei ass. Um Deel Constructioun bis zu 80% gebaut? Also um Terrain bezilt een nach ëmme...
Luc Frieden
Och dat mengen ech ass net eng Fro déi ee soll beäntwerten ier se iwwerhaapt ugefaangen huet. Meng Intentioun ass et, wéi gesot am Mount Mee, an deenen nächsten Deeg a Wochen, déi Virgespréicher ze féiere mat Kolleegen aus der Regierung – dat ass och net eng "One Man Show" – jee no Sujet, an dann dat uerdentlech prepar...
Luc Frieden
Merci. Sinn nach Froen do? Dohannen, jo.
Luc Frieden
Ech kennen dee Plang net am Detail. Dofir fir eis bleift et, datt d'Prinzippie vum internationale Recht a vun der UNO-Charta, an do gehéieren déi dozou, datt déi d'Basis sinn déi muss applizéiert ginn. Grenze kënnen net duerch Gewalt geännert ginn. A wann et zu Ännerunge kënnt, kann dat ganz eleng nëmmen d'Ukrain decid...
Journalist
Ech wollt just nach eng kleng Präzisioun...also just fir sécher ze sinn...nofroen, well et geet jo drëm ob et fir en Eegenheem ass oder fir de Locatif. Dir hutt jo e puer Mol gesot, datt jo hei elo am Booster-Programm Saache fir de Locatif sinn. Ech gesinn awer datt bei den Enregistrementskäschten, ...Bëllegen Akt war ...
Luc Frieden
Ech hunn dozou keng Informatiounen, dat musst Dir dann déi zoustänneg Ministerin froen.
Journalist
Jiddweree soll eng Bouneschlupp bei sech preparéiere fir den Eeschtfall? A wéi wäit dass d’Leit dat fäerdegbréngen – ech denken elo un den Trounwiessel oder aner Evenement, wou d’Leit sech éischter iergere well net genuch Stänn do sinn, an do soen si och d’Veräiner kéinten awer nach méi maachen. Dat ass jo awer éischte...
Claude Meisch
Dat dote war och schonn an eisen Iwwerleeungen ëmmer präsent. Datt mir gesot hu mir musse kucken datt d’Projeten, datt Investitiounen oder Acquisitiounen erëm finanzéiert ginn. A wa mir zum Beispill soen: mir wëllen an Zukunft net méi nëmme ganz Projeten als VEFA opkafen, mee Deeler dovunner, ass dat eppes wat ech eng ...
Journalist
Fillt Dir Iech net awer e bëssche virun de Kapp gestouss dann do an den USA confirméiert ze kréien dass Lëtzebuerg sou wichteg wier, an da gëtt awer un, warscheinlech awer considerabelen Zuelen hei geschafft, fir ofzeschafen?
Journalist
An da wann een déi Beispiller kuckt, datt ass da wann de realiséierte Bau 600.000 Euro ass. Dann ass dat bei engem Kafpräis vun enger Millioun, manner wéi 80%? Dat heescht da bezilt een 0 Enregistrement. Mee wann elo d‘Wunneng 1.300.000 wier an de Bau wier iwwer 80%? Wéi ass dat ze verstoe wéi den Enregistrement dann a...
Claude Meisch
Merci
Luc Frieden
Also fir d’éischt emol mengen ech net an dëser Matière, wéi an aneren och, datt een iwwer Flichte soll fueren. Et soll een d’Bierger mathuelen, dat ass dat wat ech a ville Beräicher vun der Politik soen. Et soll een d’Leit informéieren, et soll een se encouragéieren. Mir gesinn net vir datt mir hei Leit zu Saache verfl...
Journalist
Dir hat gesot, datt Dir Iech net gedréckt gespuert hutt. Dat heescht Dir hutt Iech och net vun der DP gedréckt gespuert duerch den Interview e Méinde bei RTL vum Yuriko Backes? An just do nach uschléissend: bei der DP war jo och d'Fuerderung, oder net onbedéngt d'Fuerderung, mee zumindest och an de Rang geworf ginn, da...
Luc Frieden
Jo, ech mengen, och wéi virdrun nach eng Kéier gesot. Dat hei ass ee Kader. E Kader mat klore Richtungen, Ziler, déi mir wëlle maachen. Verschiddener kaschte Suen, anerer kaschte keng Suen. Et sinn der vill dobäi, déi keng Sue kaschten. Wa mir kucken, wéi mir eis Demokratie stäerken, wéi mir kucke wa sozial Medie géife...
Guy Bley
Jo, et ass richteg dass ab haut dann och een neien Internetsite “Lëtz prepare” wäert online goen, a wou och déi ganz Strategie hei erkläert ass, a wou och Recommandatioune wäerte fir de Bierger mat dobäisinn. Mee dat och haut schonn. Ech menge mir hu schonn eng Partie Internetsitte wou verschidde Kitten erkläert sinn, ...
Journalistin
Kënnt Dir e Beispill nennen, wat déi Outilen da wäerte sinn?
Guy Bley
Dat sinn ëmmer déi klassesch Outilen. Ech mengen, déi si schonn e puer Mol genannt ginn. Dat geet vum Radio, deen Dir braucht, fir enger Press nozelauschteren. Ech mengen, och an dëser Kris huet ee gesinn, wéi wichteg d’Relatioun mat der Press ass. Dir sidd déi, déi d’Messagë vun eis weider kënnt ginn. An da wa mir wël...
Guy Bley
Absolument pas. La redondance, par exemple, des moyens de communication, cela fait partie d’une analyse des risques que chaque infrastructure critique doit faire. Quel est le processus ? Le processus est que le HCPN désigne une infrastructure critique. Ensemble avec le secteur concerné, on analyse quelles sont les infr...
Gilles Roth
Haut ass et esou datt Dir Enregistrement bezuelt op enger VEFA. Dat heescht op engem Neibau op den Terrain, plus op deem Deel vun der Constructioun, dat vun deem dat schonns gebaut ass. Dat heescht wann Dir eppes hutt wat Dir bis op de Gros oeuvre fermé, dat heescht, Fënsteren, Dieren dra sinn, dann hutt Dir op den Ter...
Gilles Roth
Dee Prozentsaz gëtt jee no Marché, Evolutioun vun den Zënsen, gëtt deen determinéiert, kuerz virdrun. Dat heescht am Prinzip ugangs Januar, mee ier deen emprunt obligataire op de Marché kënnt. Am Kloertext: wann d’Zënse géifen elo an d’Luucht goen, dann ass natierlech deen Zënssaz, fir datt en iergendwéi kompetitiv ass...
Luc Frieden
D'Regierung huet ëmmer gesot datt et wichteg wier souwuel heiheem wéi an Europa fir déi administrativ Hürden, déi op de Betriber leien, ze reduzéieren. 't ass e vun de ganz wichtege Punkte. Wa mir méi innovativ, méi performant wëlle ginn, dann hätte mir gären – dat war och a menger Erklärung zu Lag vun der Natioun – da...
Luc Frieden
Merci och der Defenseministesch. Wéi gesot, dës Enquête ass een Deel vun der Resilienzstrategie, fir besser ze verstoe wat d’Leit gesinn als Risken, wéi se dat aschätzen, wéi se sech drop virbereeden. An ech mengen, et ass e wesentlechen Deel, well mir musse jo op eppes, och, wa mir eppes mat de Leit wëlle maachen, mus...
Journalist
Gudde Mëtteg. François Aulner fir RTL. Ech hu puer technesch Froen. Dat ware vill technesch Mesuren...wann een d’Circulaire liest beim Amortissement accéléré. Et weess een heiansdo net méi wéi ee Regimm ass et. Ass et dee virun 23, ass et deen duerno...? etc...Kënnt Dir mir do zum Beispill scho soen, Dir hutt et ugesch...
Claude Meisch
Ech hunn et virdru probéiert anescht ze formuléieren. Dat wier op jidde Fall méi einfach gewiescht. Ech hu gesot: mir erhéijen d’Zënssubventioune 50%. Dat ass liicht vereinfacht gewiescht mee wa mir déi Calculen och huelen déi mir gemaach hunn, déi Simulatiounen...Et gëtt jo do zwou Saachen. Dat eent dat ass de Montant...
Claude Meisch
Jo an nee. Et ass eng Enveloppe déi zur Verfügung gestallt ginn ass fir haut Engagementer ze huelen. Mee wa mir haut um Plang kafen, heescht dat jo net datt déi Depense haut gemaach gëtt. Mir hunn elo fir 470 Milliounen Engagementer geholl. Mir hunn awer net 470 Milliounen ausginn. Well déi ginn ausginn au fur et à mes...
Guy Bley
Oui merci beaucoup pour la question. Non, l’incident de la poste n’avait eu de répercussions directes sur cette stratégie. Ce qui est prévu dans la stratégie ici, la poste comme d’autres..., ou l’internet ou comme d’autres fonctionnalités de l’État, font partie des infrastructures critiques des besoins sociaux, donc on...
Journalistin
Dir sot, dat war net gutt. Mee firwat ass et dann esou? Also ech verstinn dat éierlech gesot net. 2021 war déi grouss Iwwerschwemmung, dono war hei eng Situatioun wou all Mënsch stumm war, sech geschummt huet, well dee System déi Warnungen net erausgeschéckt huet. Elo si mir fënnef Joer dono, an da sot Dir mir: Meteolu...
Gilles Roth
Jo.
Luc Frieden
Merci.
Journalist
Sidney Wiltgen vum Tageblatt hei. Dir hutt elo gesot, datt e Format vun der Tripartite zesumme kënnt. Kënnt Dir vläicht confirméieren, datt et sech hei wierklech em den "Comité de Coordination Tripartite" handelt an net erëm eng Sozialronn wéi se och mol genannt gouf, handelt?
Gilles Roth
Merci villmools Claude an et ass elo un Iech.
Luc Frieden
Zum Auto begleiten.
Luc Frieden
Ech si ganz besuergt iwwert deen Iwwerkonsum vun de soziale Medien duerch Jugendlecher a Kanner. An dofir hunn ech mech och schonn op europäeschem Plang dofir ausgeschwat, datt een do kuckt, wéi ee kann dat reegelen. Jo, am ideale Fall ass dat eng europäesch Reegelung. A Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt mir eng eur...
Luc Frieden
Éischtens sinn ech vu kengem gedréckt ginn, mee ech lauschteren no wat jidderee seet. Ech kann Iech soen, ech si wéi Dir jo wësst och President vun der CSV, och an der CSV ware ganz vill Stëmmen déi gesot hunn, mir mengen datt de Moment gutt wier, fir eng Tripartite ze maachen. Ech hu mat ville Leit geschat an ech fann...
Journalist
Dann Thema Aarmut. Wéi gesot eng grouss Prioritéit vun Ärer Regierung. Elo déi lescht Deeg a Wochen ass jo Rapport op Rapport, ob dat elo Statec war, Chambre des salariés an aner Acteuren, war dat ëmmer ee vun den Haaptophänkerte fir ze soen, datt Chifferen nach ëmmer immens héich sinn. Ech mengen si si bekannt, datt e...
Luc Frieden
Dir verstitt, datt ech aus Respekt virun all deenen déi op déi Tripartite kommen, net wëll zu eenzelne Moossname schwätzen. De Kader ass kloer. Den Ophänkert vun der Tripartite, dat ass déi allgemeng, esou steet et och am Gesetz iwwert d'Tripartite, ass déi allgemeng wirtschaftlech a sozial Lag vum Land. An déi gëtt im...
Journalist
Jo, ech hunn e Probleem. Dir hutt elo grad gesot, d'Grenze kënnen net duerch Gewalt geännert ginn. Wat maache mir elo mam Kosovo? Dann ass déi schéi Fro: den ukrainesche President, deem säi Mandat ass ofgelaf. An da gëtt et jo 11 verbuede Parteien an der Ukrain an do gëtt et de President vun enger Partei, deen heescht ...
Luc Frieden
Si soss nach Froen do? Jo?
End of preview. Expand in Data Studio

CorpusLux: Luxembourgish Speech Transcriptions

Dataset of Luxembourgish speech transcriptions from government press conferences (2025-2026), formatted as speaker-text pairs (inspired by POTOMITAN/PawolKreyol-gfc).

Dataset Structure

Data Splits

  • Train: 125 turns (80%)
  • Validation: 16 turns (10%)
  • Test: 16 turns (10%)

Total: 157 turns from 6 documents

Features

Feature Type Description
Source string Speaker name (e.g., "Gilles Roth", "Claude Meisch")
Texte string Spoken text in Luxembourgish

Usage

from datasets import load_dataset

# Depuis Hugging Face Hub
dataset = load_dataset("username/corpus_lux")

# Depuis local
dataset = load_dataset("output/corpus_lux")

# Accéder aux données
train_data = dataset["train"]
for example in train_data.select(range(5)):
    print(f"Source: {example['Source']}")
    print(f"Texte: {example['Texte'][:100]}...")

Dataset Statistics

  • Total turns: 157
  • Unique speakers: 10
  • Language: Luxembourgish (lb)
  • Period: 2025-2026
  • Source: Luxembourg Government press briefings

Notes

This dataset contains transcriptions of Luxembourgish government press conferences. Each example represents a single speaking turn (speaker + their spoken text).

The text is in Luxembourgish with some French and German passages.

Downloads last month
34