Datasets:
Luxemburgish_Press_Conferences_Gov
/
pressbriefing14
/audio_chunks_1689940232
/transcriptions_1689940232.json
[{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_0_1689940232.wav", "transcription": "Sch\u00e9ine gudde M\u00ebtteg!\nMir gesinn dass d'Situatioun substantiell besser ginn ass an och d'Tendenz an d\u00e9i richteg Richtung gaangen ass an och nach weider geet, dat heescht en Trend wierklech no \u00ebnnen.\nWann ech z. B. Woche vergl\u00e4ichen iwwert d'Moyenne journali\u00e8re vu Neiinfektiounen, hate mir den 12. Abr\u00ebll nach 203, a mir leie bei der Woch vum 24. Mee op 70.\nA wann ech de Large Scale Testing vun der leschter Woch kucken: bei ronn 30.000 Tester bei Residenten, sinn nach 18 positiver fonnt ginn.\nD\u00ebse M\u00e9indeg war bei 7.200 Tester am Large Scale Testing guer kee positiven dob\u00e4i.\nDat heescht, dass et een awer kann d'Conclusioun z\u00e9ien, dass mir eng kontroll\u00e9iert Situatioun hunn.\nDen Dag vu g\u00ebschter - d\u00e9i Zuelen d\u00e9i haut kommuniz\u00e9iert ginn - do hu mir "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_1_1689940232.wav", "transcription": " 6.665 Tester d\u00e9i gemaach gi sinn.\nDo si 44 Positiver d\u00e9i eraus komm sinn, dat ass en Taux de positivit\u00e9 vun 0,66%.\nA wann ech d'Situatioun och an de Spideeler analys\u00e9ieren, gesi mir dass mir am Moment nach 16 Patienten op de Soins normaux hunn, a 5 Patienten op de Soins intensifs, dat heescht nach eng Baisse och am Verglach zu den aneren Deeg.\nD'Analyse vun de Kl\u00e4ranlage ginn och weider an d\u00e9i richteg Richtung, also bleiwen och gr\u00e9ng.\nDen Taux de positivit\u00e9, wann ech deen z. B. och vergl\u00e4iche mat d\u00e4r Woch d\u00e9i ech virdrun och geholl hunn, vum 12. Abr\u00ebll, do louch den Taux de positivit\u00e9 g\u00e9n\u00e9ral bei 2,09%. Dee l\u00e4it fir de 24. Mee op 0,81%.\nWann ech d'Analys och maache vun den Alterskategorien"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_2_1689940232.wav", "transcription": ", ges\u00e4it een och, dass do, z. B. d\u00e9i Woch vum 15. Februar elo, d\u00e9i ech g\u00e9if huelen, den Taux de positivit\u00e9 z. B. an der Tranche d'\u00e2ge iwwer 80 Joer bei 1,2% louch, a l\u00e4it an der Woch vum 24. Mee bei 0,1%.\nVu 70-79 Joer, louch en bei 1,3%, l\u00e4it elo bei 0,1%.\nT\u00ebscht 60 a 69, louch en bei 1,2% a l\u00e4it elo bei 0,3%.\nAn t\u00ebschent 50 a 59 Joer, louch en bei 1,6% a l\u00e4it elo bei 0,6%.\nDat heescht et ass eng Diminutioun, d\u00e9i mir gesinn, an den Alterskategori\u00eb vun... wann ech 1,2% am Februar, 1,4% am M\u00e4erz, 2% den 22. M\u00e4erz, 1,1% de 5. Abr\u00ebll, 0,6% den 19. Abr\u00ebll, 0,2% den 3. Mee, den 10. Mee 0,2%, de 17. Mee 0,1%, an elo d\u00e9i lescht Woch och 0,1% fir d\u00e9i Leit iwwert 80 "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_3_1689940232.wav", "transcription": "ges\u00e4it een, dass wierklech d'Impfung och wierklech wierkt an och wierklech h\u00eblleft, dass den Taux wierklech esou niddereg w\u00e9i m\u00e9iglech bleift.\nWa mir bei d'Vaccinatiounen, justement, kommen, an dofir och nach en Appell...\nBei de Vaccinatiounen an zur Informatioun, sinn haut d'Invitatiounen erausgaangen, wou schonn een Deel vun de Leit bei 39,5 Joer invit\u00e9iert gi sinn.\nDat heescht, mir komme wierklech erof, mir si bei \u00ebnner 40, am Moment, d\u00e9i invit\u00e9iert ginn.\nMir hunn ugefaangen, hein, mir hunn ugefaangen a mir si bei 39,5 Joer, d\u00e9i w\u00e4erten och an deenen n\u00e4chsten Deeg nach weider versch\u00e9ckt gi fir weider erofzegoen.\nBis den 1.Juni sinn zu L\u00ebtzebuerg 413.000 [sic: 413.320] Dosen Impfstoff geliwwert ginn.\nD\u00ebst si Vaccine fir am Ganzen 210.560 Leit, d\u00e9i sech zesummesetzen aus: Pfizer 283.520, AstraZeneca 79.200"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_4_1689940232.wav", "transcription": ", Moderna 32.400 a Johnson & Johsnon 13.000.\nMir hu bis g\u00ebschter Owend ronn eng 357.000 Impfunge k\u00ebnnen hei am Land maachen.\n232.400 Leit hunn eng 1. Dosis kritt an 124.000 Impfungen als 2. Dosis sinn och gemaach ginn.\nEt ass... Haut - wann d'Zuelen, d\u00e9i mat den Invitatiounen d\u00e9i komm sinn, och den Owend, w\u00e4erte st\u00ebmmen -w\u00e4erte mir och d\u00e9i 1. K\u00e9ier haut de Chiffer vun iwwert 8.000 Impfungen den Dag knacken.\nDir w\u00ebsst, dass mir jo nach m\u00e9i Capacit\u00e9iten och h\u00e4tten, mat deenen Zenteren, d\u00e9i mir opgemaach hunn.\nD\u00e9i Zuel hu mir Iech jo virun e puer Woche scho bekannt gemaach.\nMee mir hunn de Vaccin, deen och eng Denr\u00e9e rare ass, nach \u00ebmmer eng Realit\u00e9it ass, dass en rare ass.\nMir hunn am Moment 37,12% vun de Residenten, oder 46,2% vun de Leit iwwer "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_5_1689940232.wav", "transcription": " 18 Joer, d\u00e9i bis elo eng 1. K\u00e9ier konnte geimpft ginn.\nMir hunn am Moment en Usage vun de Vaccinen, dat heescht vun all deem wat ukomm ass, vu 87%, d\u00e9i och verspr\u00ebtzt gi sinn, d. h. d\u00e9i geliwwert gi sinn.\nA mir hunn nach am Stock 56.000 Dosen, d\u00e9i am Stock sinn.\nAn d\u00ebs Dosisse brauche mir fir ronn 53.000 Impfungen - d\u00e9i 1. an 2. Administratioun -, d\u00e9i bis de 9. Juni och gemaach ginn.\nDat heescht, mir benotzen also an den n\u00e4chste 7 Deeg all de Vaccin, dee mir am Stock och hunn.\nDe Ratio vun de verimpften Dosisse vari\u00e9iert. Dir w\u00ebsst jo, dass mir 75% jo och als Basis geholl haten. Am Ufank 50, dunn 75%.\nDo louche mir elo an deene leschte Wochen t\u00ebschent 82% an 92%,\nfir nach eng K\u00e9ier d\u00e9i Legend, dass den Impfstoff stock\u00e9iert g\u00ebtt an net benotzt g\u00ebtt, wierklech net der Realit\u00e9it entspr\u00e9cht.\nMee et ass eis \u00ebmmer wichteg virsiichteg ze sinn. Mir k\u00ebnnen eis net erlaben, dass eng 2. Dosis net garant\u00e9iert k\u00e9int ginn"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_6_1689940232.wav", "transcription": "well mir d'Dosissen alleguerte verspr\u00ebtzt haten.\nDen Duerchschn\u00ebttsalter vun de geimpfte Leit l\u00e4it am Moment bei 58,35 Joer.\nD'Zuel vun de Liwwerungen, d\u00e9i nach w\u00e4erte kommen....\nEch muss leider nees eng K\u00e9ier confirm\u00e9iere wat ech och schonn d\u00e9i lescht Wochen a M\u00e9int gesot hunn, dass et nach \u00ebmmer grouss Incertitud\u00eb ginn, och bei de Liwwerunge vun Impfmaterial.\nEsou huet Pfizer eis g\u00ebschter matgedeelt, dass d'Liwwerung vun der n\u00e4chster Woch och gekierzt w\u00e4ert ginn.\nJohnson huet eis matgedeelt, dass d'Europ\u00e4esch Unioun net d\u00e9i versprache 55 Milliounen Dosisse fir dat 2. Trimester geliwwert kritt.\nD'Liwwerungen an der EU leien elo an enger Fourchette t\u00ebschent 18 a 34 Milliounen, aplaz d\u00e9i 55 Milliounen, d\u00e9i do versprach gi waren.\nFir den Ament ges\u00e4it d'Situatioun bei de previsionelle Liwwerunge fir d'Period vun haut bis Enn Juni folgendermoossen aus:\nMir missten normalerweis nach 132.210 Dosisse "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_7_1689940232.wav", "transcription": " vu Pfizer kr\u00e9ien.\nMir misste bis den 20. Juni 30.200 Dosisse vun AstraZeneca kr\u00e9ien.\nA mir misste bis de 15. Juli nach 36.000 Dosissen och vu Moderna kr\u00e9ien.\nVun Johnson, w\u00ebsse mir net wat k\u00ebnnt.\nAn d\u00ebs Liwwerungen, d\u00e9i elo nach misste kommen, w\u00e4erten eis erlaben eng 99.000 Leit k\u00ebnnen ze impfen.\nAn... do feelen awer nach bis Juli och d'Dosissen, oder bis Enn Juni, d'Dosissen nach vun AstraZeneca an Johnson.\nDat heescht, mir k\u00e9inte bis Ufank Juli ronn 310.000 Leit geimpft hunn.\nWat Schued ass, ass dass, mat deene Moins-Value fir L\u00ebtzebuerg, esou am Juni eng Moins-Value t\u00ebschent 29.000 an 53.000 Dosissen hunn.\nDat heescht, dass mir konkret bal t\u00ebschent 50.000 - 55.000 Leit manner k\u00ebnnen impfen, w\u00e9i dat wat virgesinn och war"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_8_1689940232.wav", "transcription": ", an dass d\u00e9i manner an deene 4 Woche k\u00ebnne geimpft ginn.\nBis elo, dir w\u00ebsst jo och dass mir d\u00e9i Doses r\u00e9siduelles jo gemaach hunn, wou mir jo och wossten, dass wa m\u00e9i geimpft g\u00e9if ginn, och m\u00e9i Doses r\u00e9siduelles k\u00e9inten iwwereg bleiwen.\nMir sinn am Moment vun haut op en Total vun 145 Leit, d\u00e9i och konnten invit\u00e9iert gi bei den Doses r\u00e9siduelles.\nVun der AstraZeneca fr\u00e4iw\u00eblleger L\u00ebscht hate mir jo eng ronn 34.000 Leit, d\u00e9i sech gemellt hunn.\nEt bleiwen am Moment nach ongef\u00e9ier 4.500 Leit z'invit\u00e9ieren.\nDat heescht, mir sinn do och gutt weiderkomm.\nMir sinn also, a mir k\u00ebnnen dee Constat maachen, dass mir allgemeng gutt stinn an dass mir och...dat w\u00e9inst den Impfungen, dat w\u00e9inst dem Behuelen, mee awer och saisonal bed\u00e9ngt...\nEch kann Iech net soen, w\u00e9i et am Hierscht oder am Wanter w\u00e4ert lafen, mee am Moment gesi mir op jiddwer Fall, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_9_1689940232.wav", "transcription": " dass mir positiv Entw\u00e9cklungen hunn.\nMee dee falschste Message, dee mir haut k\u00e9inte ginn, ass: d'Kris ass f\u00e4erdeg, et g\u00ebtt kee Corona m\u00e9i a mir sinn aus der Situatioun eraus.\nDat wier dee falschste Message, deen een haut k\u00e9int soen.\nDir gesitt dass, wann een de Globus vun der Welt kuckt, op verschidde Plazen op der Welt nees esou guer Couvre-feu\u00eb kommen, also net n\u00ebmme Couvre-feuen, mee Lockdowne kommen, op der anerer S\u00e4it vum Globus.\nDir gesitt dass a Groussbritannien sech ee Suerge m\u00e9cht, och iwwert d'Zukunft, w\u00e9i et mat de Varianten och weidergeet.\nDofir sinn am Fong nach vill Inconnuen haut vu verschidde Varianten.\nAn awer och nach verschidde Leit nach net vaccin\u00e9iert gi sinn an awer och e kompliz\u00e9ierte Verlaf g\u00ebtt vun der Krankheet, net n\u00ebmme bei eelere Leit, mee och bei m\u00e9i jonke Leit, och bei Leit ouni Virerkrankungen.\nDe Message: d'Kris ass net f\u00e4erdeg, a wa mir w\u00ebllen aus der Kris erauskommen, ass d'Impfung am Moment de Wee fir erauszekommen.\nEt ass awer"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_10_1689940232.wav", "transcription": "an ech menge legitim, et ass normal an et ass m\u00e9iglech mat d\u00e4r Situatioun, d\u00e9i mir hunn, mat deenen Zuelen, d\u00e9i mir hunn,...\nDir w\u00ebsst jo dass d\u00e9i 1. Priorit\u00e9it, d\u00e9i d'Regierung sech ginn hat, keng Iwwerlaaschtunge vun de Capacit\u00e9iten an de Spideeler.\nFir eis wor et \u00ebmmer wichteg, dass d'Soine k\u00ebnne prodigu\u00e9iert ginn.\nMir hunn dat f\u00e4erdeg bruecht - also ech paken Holz un an ech hoffen dass dat och esou weidergeet -, dass ee wierklech keng Iwwerlaaschtung hat, mir hunn esouguer Leit aus dem Ausland matbruecht.\nAn ech wor jo g\u00ebschter zu Par\u00e4is, wou ech och rappell\u00e9iert kritt hunn, dass mir 11 Patienten am Ganzen aus Frankr\u00e4ich och geholl hunn, wat och Solidarit\u00e9it beweist.\nMir hunn dofir de Moien am Regierungsrot och eng R\u00ebtsch vu Prinzippie festgehalen, d\u00e9i och e Freideg an engem Text ugeholl ginn, wou den n\u00e4chste Regierungsrot ass.\nMir hunn elo just d'Chamber och inform\u00e9iert iwwert d\u00e9i verschidden Dispositiounen, d\u00e9i mir g\u00e9ifen huelen.\nEt geet dor\u00ebms wierklech a ganz ganz ville Ber\u00e4icher m\u00e9i Normalit\u00e9it ze fannen am Alldag, am Liewen, an Interaktiounen, an et gi verschidden Haaptpunkten.\nAn erlaabt mir d\u00e9i ganz kuerz ze resum\u00e9ieren."}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_11_1689940232.wav", "transcription": "Fir d'\u00e9ischt g\u00ebtt de Couvre-feu ganz opgehuewen. Deen ass dann nom 12. Juni net m\u00e9i Realit\u00e9it hei zu L\u00ebtzebuerg.\nAn elo, fir ganz ze resum\u00e9ieren, w\u00e9i d'Madamm Gesondheetsministesch mir eng K\u00e9ier gesot huet: 10 g\u00ebtt d\u00e9i nei 4.\nDat heescht, dass do wou och virdru 4 war, ass elo 10. Dat heescht am Privaten, geet d'Zuel, d\u00e9i am Moment jo op 4 limit\u00e9iert war och op 10 erop.\nAn ausser et wier nees en Haushalt, dee m\u00e9i w\u00e9i 10 Leit huet, dat heescht dass deen och dann do zesumme g\u00e9if zielen.\nAm Horeca, wa mir scho vun den Z\u00e4ite schw\u00e4tzen, an ech hunn elo just vum Couvre-feu geschwat, sinn och keng Sp\u00e4rstonnen no 22:00 Auer.\nDir w\u00ebsst jo, dass d\u00e9i och bis elo Realit\u00e9it war, dass um 22:00 Auer d'Restauranten zougemaach hunn.\nDat heescht, d\u00e9i maachen normalerweis um 01:00, da w\u00e9i d\u00e9i normal Z\u00e4it ass, och dann zou.\nAn dann, d\u00e9i aner Etablissementer, dann, et h\u00e4nkt eben of w\u00e9i eng Autorisatiounen se hunn.\nD\u00e9i nei 10"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_12_1689940232.wav", "transcription": "Geimpft oder Getest\".\nTats\u00e4chlech, ass de CovidCheck.... huet ee QR-Code.\nDee QR-Code g\u00ebtt vun deem Contr\u00f4leur dann ebe verifi\u00e9iert, deen dann eng gr\u00e9ng Luucht kritt, wann en an der Rei ass, oder eng rout Luucht kritt, wann en net an der Rei ass.\nAn dee QR-Code g\u00ebtt da gescannt.\nW\u00e9i eng Certificate g\u00eblle fir de CovidCheck?\nD'Madamm Gesondheetsministesch w\u00e4ert m\u00e9i an den Detail och goen, w\u00e9i do genau d'Reegelung ass.\nMee et ass eng K\u00e9ier, getest, dat ass de PCR, deen et jo elo schonn am Moment g\u00ebtt, dee jo 72 Stonnen och g\u00fclteg ass.\nMee Nouveaut\u00e9it, wat mir och de Moien decid\u00e9iert hunn, dat ass eben och d\u00e9i Schnelltester, oder d\u00e9i Autotester, d\u00e9i och gemaach ginn.\nA bei de Schnelltester, Autotester, d\u00e9i certifi\u00e9iert sinn, certifi\u00e9iert sinn, wou am Moment den Delai jo op 24 Stonne war, g\u00ebtt verl\u00e4ngert op 48 Stonnen, wat och eng Nouveaut\u00e9it och ass, op jiddwer Fall hei "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_13_1689940232.wav", "transcription": "fir zu L\u00ebtzebuerg.\nBei \"Geimpft\", do ass et, wann een d\u00e9i 2. Impfung kritt huet, oder bei Johnson, no engem Delai de carence, mee d'Madamm Gesondheetsministesch w\u00e4ert dono och m\u00e9i Erkl\u00e4rungen dozou ginn.\nMee dat heescht, d\u00e9i Leit d\u00e9i geimpft sinn, kr\u00e9ien och d\u00e9i M\u00e9iglechkeet am CovidCheck dee gr\u00e9nge QR-Code ze hunn, wat och, mengen ech wichteg ass.\nMee dee gr\u00e9nge Certificat g\u00ebtt et net, ausser beim Johnson, no enger Impfung. Et mussen 2 Impfungen och gemaach ginn.\nDa g\u00ebtt et bei \"Genesen\" och de QR-Code, dee gr\u00e9ng ass, an do w\u00e4ert d'Gesondheetsministesch och erkl\u00e4ren, w\u00e9i dat um europ\u00e4eschen Niveau an och hei zu L\u00ebtzebuerg dann a Kraaft w\u00e4ert trieden.\nDe CovidCheck-System tr\u00ebfft awer net n\u00ebmmen - nom 12. Juni f\u00e4nkt en un - mee tr\u00ebfft net n\u00ebmmen den Horeca-Secteur.\nEt ass wichteg n\u00e4mlech z'\u00ebnnerscheeden: fir deen Eenzelen g\u00ebtt et, dat ass d\u00e9i \u00e9ischt Saach, keng App.\nEt ass net dass een eng App "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_14_1689940232.wav", "transcription": " huet; et huet een ee QR-Code.\nDe QR-Code kritt Dir jo och an der 2. Impfung vum Dokter, vum Infirmier, kritt Dir jo och ee Pabeier, wou de QR schonn drop ass.\nBei \"Genesen\" a bei den Tester, w\u00e4ert d'Madamm Gesondheetsministesch erkl\u00e4re w\u00e9i dat och geet.\nAn dat heescht, dee QR-Code ass oder digital um Handy, well dee kritt ee jo och iwwert den MyGuichet.lu, oder iwwert Pabeierversioun, d\u00e9i een dann och huet.\nEch hunn Iech just vun deenen 10 geschwat. Bei de Rassemblementer ginn et och keng Restriktioune bis 10 Leit.\nT\u00ebschent 10 a 50 Leit bei Rassemblementer, zielt d\u00e9i 2-Meter-Distanz, an d'Mask.\nAusser de CovidCheck-Certificat.\nDe CovidCheck ass nees eng K\u00e9ier... erlaabt Dispensen ze hunn vun deene Mesur\u00eb vun 2 Meter oder vun de Masken.\nBei 51 bis 300 Leit, dat heescht do g\u00ebtt och nees eng Ouverture gemaach, dass ee ka bis 300 Leit eppes zelebr\u00e9ieren.\nEch denken un Hochz\u00e4iten. Ech denken u "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_15_1689940232.wav", "transcription": "d\u00e9i eng vun deenen 3 Konditiounen erf\u00ebllen, brauch een net d\u00e9i 2 Meter, et brauch een net Mask an et brauch een och net ze s\u00ebtzen.\nDat heescht och, wann ech Iech dat elo soen, dass ab dem 13. Juni zu L\u00ebtzebuerg och een neien - net eppes Neies opgeet, mee eppes wat elo zou ass, nees opgeet -, dat ass och d'Nuetsliewen, wou et dann d'M\u00e9iglechkeet g\u00ebtt duerch de CovidCheck och nees en Depart am Nuetsliewen ze hunn, mat d\u00e4r Limitt vun deenen 300 Leit an net driwwer.\nDa g\u00ebtt et nach eng M\u00e9iglechkeet fir iwwert 300 Leit Evenementer k\u00ebnnen z'organis\u00e9ieren, mee dat si Konzepter, d\u00e9i dann och musse valid\u00e9iert ginn duerch d'Sant\u00e9.\nAm Sport: bis 10, och keng Restriktioun.\nIwwert 10 Leit, ass et entweder 2 Meter, oder Mask, oder de CovidCheck.\nAn dat muss dann och der Sant\u00e9 notifi\u00e9iert ginn. De Prinzip vum CovidCheck: do g\u00ebtt d'Sant\u00e9 och inform\u00e9iert, well et gi Kontrolle gemaach.\nEt geet net duer dass mir ee CovidCheck maachen. Et ginn och Kontrolle gemaach.\nDat heescht, deen dee w\u00ebll mam CovidCheck "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_16_1689940232.wav", "transcription": " k\u00ebnnen derog\u00e9ieren, zum generelle Prinzip, muss dat dann och der Sant\u00e9 notifi\u00e9ieren.\nSportveranstaltunge bis 300, ass w\u00e9i bei de Rassemblementer, also 2 Meter, plus Distanz, plus am S\u00ebtzen, ausser och de CovidCheck g\u00ebtt hei gemaach.\nWat och mat engem Concept sanitaire erlaabt ass, ass dass ee bis op 2.000 kann och bei Manifestatiounen, do, Spectateuren och empf\u00e4nken.\nOch an der Kultur, d\u00e9i selwecht Reegelen, d\u00e9i och zielen. Dat heescht, mam CovidCheck, dass een do och nei Ouvertur\u00eb ka kr\u00e9ien.\nBeim Commerce, do sinn... d\u00e9i Reegel vun 1 Persoun pro 10 Meterkaree g\u00ebtt ofgeschaaft.\nBannen am Commerce bleift d'Mask och obligatoresch. Och an de Grande-surfacen, awer de Verbuet fir z'iessen...\nWa mir d'Restauranten och bannen ophunn, an do \u00ebsst och net jiddweree mateneen, mee do ass och d'Erlabnis da nees fir k\u00ebnnen dobannen och z'iessen.\nMee, wann een op Plazen ass, d\u00e9i zou sinn, dat ass am Commerce, dat ass och am \u00ebffentlechen "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_17_1689940232.wav", "transcription": "Transport, ass d'Mask nach \u00ebmmer obligatoresch.\nMir sinn eis och bewosst, dass et am Moment eng Kategorie vu Leit g\u00ebtt, d\u00e9i nach keng M\u00e9iglechkeet haten, fir geimpft ze ginn.\nMir hunn... Fakultativ kann een ab 30 Joer geimpft ginn a bis 55, z. B. mam AstraZeneca.\nEch hunn Iech virdru gesot, dass ee bis 39... 39,5, et ass, ech mengen t\u00ebschent 42-43 an 39,5 deen elo erausgeet, oder d\u00e9i n\u00e4chst Deeg erausgeet, dat heescht dass mir weider erofginn.\nMir w\u00ebllen och fir d\u00e9i Leit, d\u00e9i t\u00ebschent 6 Joer, an dat ass eben och ganz oft international eng Obligatioun, fir k\u00ebnnen... dass een da muss en Test hunn.\nDass et och d'M\u00e9iglechkeet g\u00ebtt, dass all Persoun t\u00ebschent 6 an 30 Joer e Bong kritt, fir am Large Scale Testing och k\u00ebnne gratis getest ze ginn.\nMir w\u00ebssen, dass d\u00e9i n\u00e4chst Wochen a M\u00e9int, d\u00e9i sinn, wou och vill Leit w\u00e4erten sech deplac\u00e9ieren, wou vill Leit k\u00ebnne profit\u00e9ieren, am Fong, vun der Impfung,\net awer eng Kategorie vu Leit g\u00ebtt, d\u00e9i nach net konnte geimpft ginn.\nA mir mengen, dass et och wichteg ass, un d\u00e9i "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_18_1689940232.wav", "transcription": "ze denken, an hinnen d'M\u00e9iglechkeet ze ginn, net nach mussen de Surco\u00fbt vun engem Covid-Test k\u00ebnne ze maachen,\nvis-\u00e0-vis vun anere Leit, d\u00e9i en dann eben duerch d'Impfung gratis hunn.\nMir hunn nach niewent all deene Punkten zum Covid, well et indirekt och mam Covid li\u00e9iert ass, d'Verl\u00e4ngerung vun den Aide vun de Classes moyennes decid\u00e9iert.\nDe Regierungsrot huet och decid\u00e9iert, dass 2 Aideregimmer an de Classes moyennes \u00ebm 4 M\u00e9int, dat heescht bis Oktober 2021, verl\u00e4ngert ginn.\nDat ass d'Aide Co\u00fbts non couverts an d'Aide de relance.\nMir sinn hei an enger klorer Logik vun engem Phasing out, d. h., et sinn n\u00ebmmen nach d\u00e9i weiderhi staark vun der Pandemie touch\u00e9iert Secteuren, d\u00e9i och eligibel sinn,\ndat ass virun allem de Secteur an der Horeca an och de Secteur vum Evenementiel, well d\u00e9i f\u00e4nken elo un, awer nach mat Limitatiounen, d\u00e9i och festgehale gi sinn.\nAn och d'Intensit\u00e9it vun den Aiden g\u00ebtt no \u00ebnnen ugepasst, dat w\u00e9i gesot an enger Logik vu Phasing Out, fir dass deene betraffene Betriber de Wee an eng Normalit\u00e9it "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_19_1689940232.wav", "transcription": "De Choix, och vun engem Etablissement, dass en, wann en der Meenung ass \"Ech w\u00ebll l\u00e9iwer mat 4 ouni Test\", dass dat s\u00e4i Choix ass.\nWann e w\u00ebll aner... dass en do de CovidCheck-System selbstverst\u00e4ndlech kann och f\u00e9ieren. Et ass wichteg, dass de Client och Vertrauen huet op d\u00e4r Plaz, wou e geet.\nEch hunn Iech virdrun och gesot, well dat eng grouss \u00c4nnerung ass, och dass de Minister Delles mat der Horesca schonn do eng Diskussioun hat,\nan eben och elo d\u00e9i n\u00e4chst Deeg gebrauch ginn, fir ebe mat hinnen ze kucken, w\u00e9i d'Visibilit\u00e9it vun d\u00e4r Saach och an enger Vitrinn...\nWell et ka jo och m\u00e9iglech sinn, dass e Restaurant z. B. M\u00ebttes, wou een n\u00ebmmen eng Stonn Paus huet, fir k\u00ebnne ee Menu du jour ze hunn, z. B. decid\u00e9iert 4 Leit ze maachen, well ee mam Test soss eng V\u00e9ierelsstonn verl\u00e9iert, mee dass een dann z. B. Owes seet, Owes kann ee m\u00e9i grouss D\u00ebscher maachen, an dann awer mam CovidCheck dat da muss maachen.\nEt ass fir eis wichteg, dass de Message och duerchk\u00ebnnt, dass getest, genesen a geimpft net kumulativ sinn.\nEt ass dat "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_20_1689940232.wav", "transcription": "eent oder et ass dat anert.\nEt ass kee verflicht an deem Land, et g\u00ebtt keng Obligation de vaccination an d\u00ebsem Land.\nEt ass awer deen einfachste System, am Fong, fir dee gr\u00e9nge QR-Code k\u00ebnnen ze kr\u00e9ien, mee et ginn Alternativen.\nD\u00e9i Alternativen hu mir och elo virdru vum Antigene-Test op 48 Stonnen, dat heescht, facilit\u00e9iert fir d'Alternativen.\nMir sinn och weider an den Diskussiounen, an d'Gesondheetsministesch hat g\u00ebschter nach och ee Rendez-vous mat hiren europ\u00e4eschen Kolleegen, fir dass wierklech och d'Summervakanz reiwungslos sollt verlafen, fir dass eise CovidCheck och dat g\u00ebtt, wat mat de Nopeschl\u00e4nner an och mat den aneren europ\u00e4esche L\u00e4nner, am Fong, pardon, mee d\u00e9i n\u00e4chst Normalit\u00e9it fir d\u00e9i n\u00e4chst M\u00e9int w\u00e4ert och sinn, fir eben d\u00e9i Ouverturen och k\u00ebnnen ze garant\u00e9ieren.\nWell d\u00e9i Garanti\u00eb sinn och Garanti\u00eb fir d\u00e9i aner.\nEt ass eng Garantie fir Iech, mee et ass och eng Garantie fir d\u00e9i Aner....\nAn d\u00ebs Schr\u00ebtter, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_21_1689940232.wav", "transcription": "Madamm Gesondheetsministesch \nMerci!\nGudde M\u00ebtteg alleguerten!\nMir sinn natierlech frou haut k\u00ebnnen d\u00e9i dote Matdeelungen ze maachen.\nDen Defi, dee mir eis ginn haten, war ofzewaarden ob d'Situatioun wierklech an deem Trend bleift, dee sech ugezeechent huet iwwert d\u00e9i lescht Wochen.\nDat ass kloer de Fall. Ech mengen d'Zuele schw\u00e4tze fir sech. Mir hu wierklech r\u00e9ckleefeg Infektiounszuelen.\nMir hunn... dat best\u00e4tegt sech duerch en \"R\"-W\u00e4ert, deen \u00ebnner 0 ass, schonn iwwert e puer Wochen; dat weist wierklech, dass mir zer\u00e9cklafen.\nMir hunn en Taux de positivit\u00e9, dee ganz niddereg ass m\u00ebttlerweil.\nA virun allem, an dat ass dat Wichtegst, mir gesinn och eng R\u00e9ckleefegkeet um Niveau vun de Spideeler.\nDat huet e b\u00ebsselche gebraucht, \u00e9ier een et erkannt huet, mee et ass awer entre-temps kloer: mir hu manner Admissiounen.\nEt ges\u00e4it een, d'Zuele gi wierklech erof, och op den Intensivbetter, an dat ass am Fong geholl d\u00e9i Situatioun, d\u00e9i mir g\u00e4ren h\u00e4tten fir wierklech k\u00ebnnen dann nei Schr\u00ebtt ze goen.\nMir sinn, w\u00e9i \u00ebmmer, bem\u00e9it am Fong geholl e Maximum u Fr\u00e4iheet ze ginn, och wierklech all Moyennen anzesetzen, d\u00e9i nei zur Verf\u00fcgung stinn.\nDat w\u00e4erten d\u00e9i nei "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_22_1689940232.wav", "transcription": "CovidCheck sinn, d\u00e9i mir k\u00ebnne maachen, an och breet an den Asaz br\u00e9ngen.\nSou w\u00e4it w\u00e9i m\u00e9iglech Fr\u00e4iheeten, an trotzdeem awer kucken, dass mir e minimum u Garantien hunn.\nDo si mir nach wie vor op Jiddwereen ugewisen, et g\u00ebtt kee System, dee sech selwer dr\u00e9it.\nDat Ganzt steet a f\u00e4lt domadder dass d'Leit matmaachen, dass si d\u00e9i puer Restriktiounen d\u00e9i bleiwen, d\u00e9i Obligatiounen, d\u00e9i se hunn, wierklech och respekt\u00e9ieren.\nMir w\u00e4erten net k\u00ebnnen niewent all Restaurant, niewent all Stull ee Polizist setzen, dat heescht, et baut ganz vill och op Vertrauen op.\nMir hunn hei eng Rei Mechanismen, d\u00e9i mir spille doen an d\u00ebser dach nach kritescher Z\u00e4it, et d\u00e4erf een et net vergiessen.\nD'Pandemie ass net eriwwer. Si ass nach \u00ebmmer do. Wa mir international Nouvell\u00eb kucken, g\u00ebtt een och ganz uerg domat konfront\u00e9iert.\nMir hunn d'Chance, dass et hei stabel ass, r\u00e9ckleefeg ass och, mee d'Pandemie ass nach net eriwwer an dee grousse \"Fragezeichen\", et ass nach \u00ebmmer ee B\u00e9mol an d\u00ebser Situatioun, an dat ass zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt wierklech d\u00e9i indesch Variant.\nDir w\u00ebsst, dass d\u00e9i uf\u00e4nkt m\u00e9i zouzehuelen a verschiddene L\u00e4nner, och bei eis.\nDat wat kloer ass, ass dass se "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_23_1689940232.wav", "transcription": "m\u00e9i schnell ass, alt er\u00ebm eng K\u00e9ier; et ass m\u00e9i eng schnell Variant.\nOb se elo m\u00e9i pathogene ass, m\u00e9i schl\u00ebmm am Krankheetsverlaf, dat weess een haut nach net.\nAn dat ass eben dat Fragezeichen, wat mir hunn. Dat muss een nach observ\u00e9ieren iwwert d\u00e9i n\u00e4chst Wochen.\nDo g\u00ebtt een ebe w\u00e9i \u00ebmmer vu Woch zu Woch e b\u00ebsselche m\u00e9i do ronder\u00ebm gewuer.\nMee et ass eppes, wann ech elo misst resum\u00e9ieren, wou l\u00e4it eis grouss Suerg, dann ass et dat: wat reserv\u00e9iert eis d\u00e9i indesch Variant?\nSe ass m\u00e9i schnell, an aller Logik misst se dann och lues a lues dominant ginn, a mir w\u00ebssen nach net zu 100% wat se eis reserv\u00e9iert.\nDofir eben nach Virsiichtsmoossnamen zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt, an dach awer ganz vill nei Fr\u00e4iheeten.\nMir hunn d'Ambitioun elo wierklech e Modell ze lanc\u00e9ieren, deen er\u00ebm eng K\u00e9ier seng Eegenaart huet, an d'Hoffnung ass, dass sech no engem Mount erausstellt, dass dat alles esou klappt, w\u00e9i mir eis et erwaarden.\nDat wier dann de Go fir iwwert de Summer och wierklech rassur\u00e9iert ze sinn.\nGanz villes huet mat deem neie CovidCheck eben ze dinn, deen och op europ\u00e4eschem Plang ugestrieft ass.\nDat Reglement wat dat virges\u00e4it, dass een do eng gew\u00ebssen Unerkennung huet t\u00ebschent de L\u00e4nner, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_24_1689940232.wav", "transcription": "w\u00e4ert mam 1. Juli a Kraaft trieden.\nDono ass en Delai nach, deen d'L\u00e4nner hu fir et \u00ebmzesetzen.\nMir hunn d'Ambitioun \u00e9ischter prett ze sinn...\nW\u00e9i et ausges\u00e4it, misste mir dat hikr\u00e9ien fir d'Akraafttriede vun deem n\u00e4chste Gesetz.\nAn ech g\u00e9if vill\u00e4icht eng K\u00e9ier just vun der Gelee\u00ebnheet profit\u00e9ieren, well ganz vill Diskussiounen am Detail ronder\u00ebm d\u00e9i Certificate sinn.\nDo sinn och nach bis g\u00ebschter Moien nach Gespr\u00e9icher gelaf fir sech sou w\u00e4it w\u00e9i m\u00e9iglech wierklech z'align\u00e9ieren op europ\u00e4eschem Plang.\nD'Grondiddi ass d\u00e9i, dass een en Certificat kritt a verschiddene F\u00e4ll, eben dee f\u00e4lschungss\u00e9cher ass; dat ass ganz wichteg!\nMir schw\u00e4tzen hei mat Schr\u00ebftst\u00e9cker, d\u00e9i eng gew\u00ebsse S\u00e9cherheet solle ginn an dann ass eent vun den \u00e9ischten Ziler, dass een e standardis\u00e9iert Dokument huet, wat eng gew\u00ebsse S\u00e9cherheet huet, wat ee QR-Code huet, dee net kann einfach gef\u00e4lscht ka ginn.\nDat ass eng grouss Suerg am Moment. Dat Ganzt steet a f\u00e4lt och mat der \u00c9ierlechkeet vun de Leit, dass se sech wierklech un d'Reegelen halen an net fuddelen.\nDat misst m\u00e9i einfach ginn, wa mir wierklech mat deenen neie Certificate schaffen, d\u00e9i ee ges\u00e9cherte "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_25_1689940232.wav", "transcription": "QR-Code hunn.\nDann huet dee Certificat eng Rei standardis\u00e9iert Informatiounen, d\u00e9i een huet, d\u00e9i liesbar sinn an den eenzele L\u00e4nner.\nA minimal Standarde musse garant\u00e9iert ginn, wa mir d\u00e9i Interoperabilit\u00e9it, dat heescht, dass wann ech iwwert d'Grenz ginn,\nwann ech m\u00e4i Certificat och do w\u00ebll benotzen an unerkannt kr\u00e9ien, da musse mir eng Rei minimal Garantie setzen.\nAn d\u00e9i hu mir elo w\u00e4itgoend hei, propos\u00e9iere mir d\u00e9i elo schonn hei bei eis afl\u00e9issen ze loossen.\nMir hunn... wa mir uf\u00e4nken: wat versteet een dr\u00ebnner, wann ech geimpft sinn?\nEe Certificat dass ech geimpft sinn, brauch ech \u00e9ischtens net unzefroen, dee w\u00e4ert Dir automatesch kr\u00e9ien iwwert d'Direction de la Sant\u00e9.\nMir hunn d\u00e9i Donn\u00e9e\u00eb jo, an d'Leit w\u00e4erten dat dann och kr\u00e9ien.\nDat ass ee Certificat, deen een entweder op Pabeier huet oder digital. Op MyGuichet a sengem Espace personnel, w\u00e4ert deen ofgeluecht ginn.\nDo ass, w\u00e9i schonn erkl\u00e4ert ginn ass, ee QR-Code drop, deen da kann vun deem dee kontroll\u00e9iert, do wou ech higinn, ofgelies ginn an deementspriechend agestuuft "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_26_1689940232.wav", "transcription": "ginn.\nW\u00e9i eng Vaccine kommen do a Fro?\nDo ass de minimale Standard, dee virgesinn ass am Reglement, ass dass mir d\u00e9i Vaccine consider\u00e9ieren, d\u00e9i vun der EMA zougelooss sinn, vun der europ\u00e4escher Medikamentenagence.\nDonieft kann een och nach aner Vaccinen unerkennen, dat ass eng L\u00ebscht, d\u00e9i vun der WHO provisoresch festgehale ginn ass.\nEt kann een eventuell och Vaccinen unerkennen, d\u00e9i vun anere Memberstaate bei sech reng national zougelooss gi sinn.\nAn et kann een och bilateral Accorde fanne mat anere, mat Dr\u00ebttstaaten, zum Beispill.\nDo wor Stand g\u00ebschter nach keng gemeinsam Linn wierklech erkenntlech op europ\u00e4eschem Plang, sou dass mir, \u00e0 ce stade, propos\u00e9ieren,\nde Certificat, den Impf-Certificat ze beschr\u00e4nken op d\u00e9i Vaccinen, d\u00e9i vun der europ\u00e4escher Medikamentenagence zougelooss sinn.\nDat sinn och d\u00e9i, d\u00e9i mir hei am \u00cbmgang hunn, an am Asaz hunn.\nDann... k\u00ebnnt d'Fro: w\u00e9ini g\u00ebllt een als geimpft?\nDo ass e grousse Konsens, dee sech weist, dass ee seet, et ass ee "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_27_1689940232.wav", "transcription": "geimpft...\nMir \u00ebnnerscheeden 2 Situatiounen:\nDat eent ass: wann et en Impfstoff ass, deen 2 Mol verofreecht g\u00ebtt, dann ass et am Prinzip um Datum vun der 2. Impfung. Ab deem Dag selwer g\u00ebllt een als geimpft.\nAss et awer elo een Impfstoff wou ee just eng Dosis kritt, w\u00e9i den Johnson am Moment, da k\u00ebnnt nach en Delai de carence drop.\nDat heescht, do rechent een nach eng K\u00e9ier 14 Deeg dob\u00e4i, well de Kierper eng Z\u00e4it brauch, \u00e9ier en uf\u00e4nkt op deen Impfstoff ze reag\u00e9ieren.\nDat heescht, bei 1 Dosis, wann ech den Impfstoff kr\u00e9ien, wou just 1 Dosis ass, da g\u00ebllen ech als geimpft 14 Deeg no d\u00e4r Impfung.\nWann et een ass, deen 2 Dosisse verlaangt, dann ass et ab dem Dag wou ech d\u00e9i 2. kritt hunn, direkt g\u00ebllen ech als geimpft.\nAn da k\u00ebnnt nei dob\u00e4i, dat ass eng nei Kategorie, wou een och als geimpft g\u00ebllt.\nD\u00e9i hate mir bis dato nach net hei am Land. Eng Rei Memberstaaten hunn dat schonn a mir w\u00e4erten eis do och drop align\u00e9ieren.\nDat ass an deem Fall, wou ech schonn eng K\u00e9ier Covid hat bannent deene leschte 6 M\u00e9int, also ee positive PCR-Test hat, da sinn ech no 1 Impfung scho f\u00e4erdeg geimpft.\nDat heescht, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_28_1689940232.wav", "transcription": "et ass een neie Cas de figure vu kompletter Impfung, fir Leit, d\u00e9i, zer\u00e9ckgekuckt, an deene leschte 6 M\u00e9int positiv waren iwwert ee PCR-Test,\nnet e Schnelltest, iwwert ee PCR-Test! D\u00e9i sinn ab der 1. Impfung... g\u00ebllen se als geimpft,\nplus awer er\u00ebm eng K\u00e9ier deen Delai vu 14 Deeg, vu que dass et jo da just 1 Impfung ass, d\u00e9i gi g\u00ebtt.\n't ass keng 2. Impfung, dat heescht mir sinn an der Hypothees vun 1 Spr\u00ebtz, an do k\u00ebnnt da nach eng K\u00e9ier d\u00e9i 14 Deeg dob\u00e4i.\nDat ass eppes wat mir elo och w\u00e4erte selwer ausstellen. Mir hunn d\u00e9i Donn\u00e9e\u00ebn alleguerten.\nEt ass elo eis Erausfuerderung dat beieneen ze br\u00e9nge fir deene Leit d\u00e9i concern\u00e9iert sinn um Moment vun der Entr\u00e9e en vigueur vum Gesetz, fir hinnen och wierklech de Certificat dann zoukommen ze loossen.\nDann deen 3. Certificat, dat ass: w\u00e9ini sinn ech geheelt?\nDat ass deen \"Geheelt\". Dat heescht, ech hat eng K\u00e9ier schonn de Covid, an ech ginn dovunner aus, dass ech eng Immunit\u00e9it opgebaut hunn.\nDo g\u00ebtt et iwwert de Reglement ee relativ klore "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_29_1689940232.wav", "transcription": "Mindeststandard, an 't ass och deen, dee mir propos\u00e9ieren hei unzehuelen.\nDo si mir u sech dann och direkt konform mat deem wat gefuerdert ass.\nEch g\u00ebllen als geheelt, do ass och er\u00ebm eng K\u00e9ier: de Point de d\u00e9part ass ee positive PCR-Test.\nDann ass een 11 Deeg dono, ab 11 Deeg dono ass ee consider\u00e9iert dass ee geheelt ass. An dat g\u00ebllt da fir 6 M\u00e9int \u00e0 partir vum PCR-Test.\nDat heescht, de Point de d\u00e9part ass de positive PCR-Test. Ab dem 11. Dag g\u00ebllen ech als geheelt.\nAn dat Ganzt g\u00ebllt 180 Deeg, also am Fong geholl 6 M\u00e9int ab dem PCR-Test.\nDat ass de Maximum, deen ee kann huelen, \u00e0 ce stade, um Niveau vum Reglement, fir eben herno d\u00e9i Unerkennung ze hunn, an 't ass och dat, wat w\u00e4ert g\u00ebllen.\nDo ass et esou, dass een och dat w\u00e4ert automatesch kr\u00e9ien. Et ass jo gekoppelt un de PCR-Test, k\u00ebnne mir also och automatesch ausstellen.\nDeemno dierft dat keng gr\u00e9isser Suerg sinn.\nDa k\u00ebnnt den Test. Den Test-Certificat. Do sinn nach ganz vill Diskussiounen."}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_30_1689940232.wav", "transcription": "L\u00e4nner erkennen e Schnelltest nach net un. Mir hunn d\u00e9i Optioun, mir hunn dat jo och elo schonn.\nWat d'Duree ugeet, also als \"getest\" g\u00ebllt een an 2 Cas de figuren:\nDat \u00e9ischt ass, wann ech ee PCR-Test hunn. Deen ass dann 72 Stonne g\u00fclteg. Dat hu mir och haut schonn.\nFir de Schnelltest, dee certifi\u00e9ierte Schnelltest, sinn et neierd\u00e9ngs dann 48 Stonnen.\nDo si vill Diskussioune gewiescht, dat war och ee vun deene Punkten, wou vill Diskussiounen t\u00ebscht dem Europaparlament an der Kommissioun waren, wou vum Parlament \u00ebnnert anerem ebe 24 Stonnen ugestrieft war. Dat ass dat wat mir och bis elo haten.\nEt ass awer g\u00ebschter dunn eng Recommandatioun komm vu S\u00e4ite vun der Kommissioun, dass een sech soll an Europa op d\u00e9i 48 align\u00e9ieren.\nW\u00e9i gesot, vill Diskussiounen.\nMir hunn d'Decisioun och elo geholl, dass mir eis da w\u00e4erten align\u00e9ieren op 48, dass mir do op alle Fall deem Opruff gerecht ginn, dee g\u00ebscht gemaach ginn ass.\nD'L\u00e4nner sinn awer fr\u00e4i fir dat bei sech anzestufen, w\u00e9i si dat fir richteg fannen.\nDat heescht, de Certificat, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_31_1689940232.wav", "transcription": "dass ech getest sinn, deen dr\u00ebtten \"G\":\nPCR, deen dann 72 Stonne g\u00fclteg ass, oder e certifi\u00e9ierte Schnelltest, deen 48 Stonne w\u00e4ert g\u00fclteg sinn.\nDat ass dat wat mir haut scho kennen, dee certifi\u00e9ierte Schnelltest, deen eben am Moment just nach 24 Stonne g\u00fclteg ass.\nEt k\u00ebnnt eng Nuance dob\u00e4i, dat ass nach eng kleng Couche u Komplikatioun, d\u00e9i b\u00e4i k\u00ebnnt...\nMir si jo... op nationalem Plang hu mir eis ganz breet opgestallt fir d\u00e9i Certificatioune vun de Schnelltester, well mir dat wierklech w\u00eblle favoris\u00e9ieren.\nEt k\u00ebnnen och Beamte certifi\u00e9ieren, d\u00e9i agre\u00e9iert sinn vum Direkter vun der Sant\u00e9.\nDat w\u00e4ert awer net goe fir d'Interoperabilit\u00e9it. Dat heescht, do k\u00ebnnt eng Zousaz-Prozedur dob\u00e4i.\nWann een sech elo spezifesch w\u00e9ilt sengem Schnelltest-Certificat bed\u00e9nge fir an d'Ausland, dann ass et m\u00e9i en enke Krees u Persounen, d\u00e9i dat k\u00ebnne certifi\u00e9ieren.\nMir w\u00e4erten awer do am Detail natierlech driwwer kommuniz\u00e9ieren.\nDat mussen opgrond vum Reglement da Professionnels de sant\u00e9 sinn.\n't ass e b\u00ebsselche m\u00e9i restriktiv, deen europ\u00e4esche Kader, sou dass mir do mussen eng extra Demarche en place "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_32_1689940232.wav", "transcription": "setzen, fir dann och do dann esou ee Certificat ze kr\u00e9ien.\nA mir mussen da vun eiser S\u00e4it aus s\u00e9cher stellen, dass dat vun deene Leit certifi\u00e9iert ass,\nd\u00e9i och unerkannt sinn um Niveau vun deem Reglement, deen da viraussiichtlech fir den 1. Juli w\u00e4ert a Kraaft trieden.\nW\u00e9i kritt een dee Certificat dass ee getest ass?\nBeim PCR och automatesch, beim Schnelltest ass et d\u00e9i national Prozedur.\nA w\u00e9i gesot, du muss een dann eben d\u00e9i extra Prozedur maache fir en certifi\u00e9iert ze kr\u00e9ie mat deem QR-Code drop.\nMee alles dat w\u00e4ert viraussiichtlech och en place si mat der Entr\u00e9e en vigueur vun deem n\u00e4chste Gesetz.\nDonieft \u2013 an dofir schw\u00e4tze mir vun engem \"3G+\" eigentlech, wa mir vun deem CovidCheck schw\u00e4tzen \u2013, behale mir d'M\u00e9iglechkeet b\u00e4i, 't ass schonn erw\u00e4\u00e4nt ginn, fir awer nach op der Plaz en Autotest ze maachen.\nS\u00ebnn an Zweck vum Autotest op der Plaz, ass dass d'Persoun e selwer m\u00e9cht, mee dass se n e wierklech dann op der Plaz m\u00e9cht, dass am Fong geholl deen, deen een eral\u00e9isst an de Restaurant, sech ka vergew\u00ebsseren, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_33_1689940232.wav", "transcription": " dass d\u00e9i Persoun d\u00e9i do erak\u00ebnnt dat och selwer gemaach huet, an dass dat och wierklech negativ ass, \u00e9iert se era geet. Et ass eng M\u00e9iglechkeet, d\u00e9i mir w\u00eblle b\u00e4ibehalen.\nD\u00e9i f\u00e4lt awer elo net an de \"Scope\" vun deem europ\u00e4esche Reglement, dat heescht, dat ass eppes wat mir reng hei op nationalem Terrain k\u00ebnne weider benotzen, w\u00ebssend natierlech dass \u00ebmmer m\u00e9i Leit w\u00e4erten d\u00e4r aner Certificaten hunn, wa se bis geimpft sinn, wa se ee PCR hunn, wa se geheelt sinn...\nDat w\u00e4ert et m\u00e9i einfach maachen, mee subsidiaresch bleift \u00ebmmer nach d\u00e9i M\u00e9iglechkeet vun deem Autotest sur place, deen d'Persoun selwer muss maachen, dee Moment wou se do ass, an dee se dann net kann...\n... deen huet keng Dur\u00e9e de validit\u00e9 an deem S\u00ebnn, dee kann een net dann Owes nach eng K\u00e9ier benotzen fir en anere Restaurant.\nFir elo d'Mechanismen... Et ass scho gesot ginn:\nDoheem, w\u00e9i gesot, ass 10 d\u00e9i nei 4, dat heescht bis zu 10 G\u00e4scht eben \u00ebnnert deenen selwechte Rahmebedingunge w\u00e9i mir bis elo haten.\nOch do g\u00e9if ech g\u00e4r nach eng K\u00e9ier rappell\u00e9ieren: maacht d\u00e9i Autotester, grad wann Dir doheem op Besuch gitt.\nEt ass "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_34_1689940232.wav", "transcription": "nach wie vor esou, Dir w\u00e4ert dat er\u00ebm am Rapport hebdomadaire gesinn, d'Leit stieche sech an der Reegel doheem un, am Familljekrees, bei de Fr\u00ebnn...\nEt ass also extrem wichteg, dass Dir d\u00e9i Schnelltester, d\u00e9i Dir elo wierklech gutt \u00e0 disposition hutt, iwwert \u00c4r Aarbecht, an der Apdikt ze kafen kritt.\nBenotzt se, grad wann Dir privat \u00ebnnerwee sidd, wann Dir iesse gitt bei Fr\u00ebnn.\nDo wou keng obligatoresch Reegele sinn, k\u00ebnne mir n\u00ebmmen empfeelen, dass Dir trotzdeem d\u00e9i Schnelltester maacht, dat kann net schueden.\nEt ass eng Zousazs\u00e9cherheet an et geet eis letztendlech alleguerten dr\u00ebm hei schnellstm\u00e9iglech eraus ze kommen aus d\u00e4r ganzer Pandemie.\nDa fir de ganzen Horeca. Ech mengen et ass gesot ginn: op den Terrassen ass et am Prinzip D\u00ebscher vun 10, ouni speziell Test-Obligatioun.\nAn dann eben de Banne-Regimm: d\u00e9i nei Alternativ d\u00e9i mir hunn, wou et entweder ebe bannen D\u00ebscher vu 4 sinn, w\u00e9i mir et schonn eng K\u00e9ier kannt hunn, zu engem m\u00e9i fr\u00e9ien Z\u00e4itpunkt w\u00e4rend der Pandemie, mat D\u00ebscher d\u00e9i eng gew\u00ebssen Distanz hunn.\nDat w\u00e4ert net \u00e4nneren, dat sinn d\u00e9i selwecht Best\u00ebmmungen, w\u00e9i mir se hei scho kannt hunn, eben D\u00ebscher vu 4 mat 1,5 Meter Distanz, mat S\u00ebtzflicht, "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_35_1689940232.wav", "transcription": "asw.\nOder awer, an dat ass dann de Choix vum Restaurateur, e ka s\u00e4in Etablissement CovidCheck-Etablissement maachen.\nDa k\u00ebnnt ee just eran an d'Etablissement, wann een ee vun deenen 3 Certificaten ka virweisen,\noder \u00e0 l'Entr\u00e9e dann den Autotest m\u00e9cht, dee Moment natierlech, en direct, wann een era k\u00ebnnt.\nDee Moment g\u00eblle bannen da keng Restriktioune m\u00e9i.\nMee dat ass ee Choix.\nDat bedeit awer natierlech, dass een effektiv ab der Entr\u00e9e en vigueur vun deem heite Gesetz ee ganz anert Stadbild w\u00e4ert hunn.\nWann d\u00e9i doten Optioun geholl g\u00ebtt, dann hu mir am Fong geholl er\u00ebm ee Fonctionnement bannent dem Restaurant, w\u00e9i mir en a ganz normalen Z\u00e4iten hunn.\nD'Konditioun ass, dass eben \u00e0 l'Entr\u00e9e deen Check ass, dass dat och muss kontroll\u00e9iert ginn.\nDofir ass et wichteg, ech weess net ob et erw\u00e4\u00e4nt war, dat ass net genehmegungsflichteg, an deem S\u00ebnn, bis zu 300 Leit, well mir et wierklech och w\u00eblle f\u00ebrderen, mee et muss matgedeelt ginn. Mir k\u00ebnnen net kontroll\u00e9ieren, well mir net w\u00ebsse wou d\u00e9i Optioune geholl gi sinn.\nDat g\u00ebllt souwuel fir "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_36_1689940232.wav", "transcription": "d'Restauranten, w\u00e9i och fir Evenementer, wou den Organisateur, och wann en d\u00e9i doten Optioun h\u00eblt fir s\u00e4in Evenement, dat natierlech muss iergendwou matdeelen.\nDat w\u00e4erte mir am Detail am Gesetz nach festschreiwen.\nMir brauchen eng Basis fir och k\u00ebnne kontroll\u00e9ieren ze goen. Essentiel ass dass d'Leit sech dorunner halen.\nW\u00e9i gesot, mir k\u00ebnnen net alles kontroll\u00e9ieren, mir si kee Polizeistaat an deem S\u00ebnn, wou mir iwwerall op all Eck g\u00e9ifen een histellen, deen alles kontroll\u00e9iert.\nMee et si Kontrollen, et sinn och Strofen drop. Et ass strofbar wann een eppes f\u00e4lscht, wann een eppes virt\u00e4uscht.\nDat f\u00e4lt an de Ber\u00e4ich vum Strofrecht, an dat muss och k\u00ebnne kontroll\u00e9iert ginn.\nDofir ass effektiv wichteg, dass wann d\u00e9i Optioun geholl g\u00ebtt, dass mir eng Vue hunn, wou se geholl ass, dass een och kann ebe ggf. kontroll\u00e9iere goen.\nDa vill\u00e4icht nach e puer Detailer zu de Rassemblementer. D'generell Reegele si gesot ginn:\nAlso mir hunn eng nei Staffelung: bis zu 10 keng spezifesch Reegelen, ausser d'Empfeelungen natierlech vu S\u00e4ite vun der Sant\u00e9 am Zweiwelsfall \u00ebmmer sou en Autotest ze maachen; dat kann "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_37_1689940232.wav", "transcription": "ni schueden.\nVun 11 bis 50 dann ass d'Reegel 2 Meter a Mask. Also keng S\u00ebtzflicht. Dat erlaabt bis zu 50 Leit eben am Stoe k\u00ebnnen zesummenzebr\u00e9ngen.\nVu 50 bis 300 ass et d\u00e9i klassesch Reegel, w\u00e9i mir se haut kennen: bis zu 150, dat heescht do ass de Plaffong verduebelt, ass dann op 2 Meter Distanz s\u00ebtze mat Mask.\nDat sinn d\u00e9i normal Reegelen.\nAls Alternativ huet een do, w\u00e9i scho gesot, eben d'M\u00e9iglechkeet de CovidCheck ze maachen, dat och da matzedeele fir dass ka kontroll\u00e9iert ginn.\nAn dee Moment ass dann d'Evenement wierklech fr\u00e4i vu Restriktiounen, er\u00ebm w\u00e9i a ganz normalen Z\u00e4iten.\nAm Commerce ass et och scho gesot ginn. D\u00e9i eng Restriktiounen, d\u00e9i ewech falen, dat ass d\u00e9i Meterkareesbeschr\u00e4nkung an de Grandes-surfacen, d\u00e9i mir geholl hunn zu engem Z\u00e4itpunkt wou d'Situatioun wierklech vill m\u00e9i alarmant war.\nAn och d'Verbuet vum Iessen an de Garen, bannent vun den Akafszenteren, dat war zu engem Z\u00e4itpunkt, wou mir vill m\u00e9i alert\u00e9iert waren w\u00e9i dat elo ass.\nDat m\u00e9cht elo "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_38_1689940232.wav", "transcription": "an deem S\u00ebnn net m\u00e9i... do ass d'Proportionalit\u00e9it an eisen Aen net m\u00e9i gewahrt.\nDann elo vill\u00e4icht m\u00e9i spezifesch fir d'Activit\u00e9s musicales. Do hate mir jo e spezifesche Regimm, oder hu mir ee spezifesche Regimm haut.\nOch do bleift e spezifesche Regimm. Haut ass et esou dass bis zu 10 Leit k\u00ebnnen zesumme Musek maachen, mat enger Distanz vun 2 Meter an am S\u00ebtzen.\nD\u00e9i Limitt w\u00e4ert op 50 geholl ginn. Dat heescht bis zu 50 Leit k\u00ebnne mat d\u00e4r Distanz vun 2 Meter zesumme Musek maachen.\nAb do g\u00ebllt natierlech och dann nees deen normale Prinzip w\u00e9i bei all de Rassemblementer.\nWann een dat w\u00ebll, da kann een dat Zesummekommen esou organis\u00e9ieren, dass et mat engem CovidCheck verbonnen ass.\nDat muss da notifi\u00e9iert sinn, fir dass ka kontroll\u00e9iert ginn.\nAn dee Moment kann ee bis zu 300 Leit eropgoen, an da spille keng Restriktioune m\u00e9i. Also et ass...\nMat dem CovidCheck ass eng ganz Rei u Fr\u00e4iheeten natierlech verbonnen, am G\u00e9igenzuch musse mir Kenntnis hunn, wou d\u00e9i Evenementer sinn.\nEt muss ee k\u00ebnne s\u00e9cher stellen, virun allem dass d'Entr\u00e9e kloer ofgedeelt ass"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_39_1689940232.wav", "transcription": "dass dat propper ofleeft, dass net ka gefuddelt ginn, well dat wier fatal, deemno w\u00e9i.\nDann an de Sportsaktivit\u00e9iten. An der selwechter Logik och: bis zu 10 Leit kann ee Sport zesumme maachen, ouni weider Restriktiounen.\nOch hei er\u00ebm eng K\u00e9ier d'Empfeelung: wann dir zu 10 Sport maacht, ass esou een Autotest ni vu Muttw\u00ebll.\nDat wat bis elo 4 Leit. Da wann et iwwert 10 Leit erausgeet, k\u00ebnnt och eng kleng Neierung, d\u00e9i mir propos\u00e9ieren.\nAn zwar war dat bis elo... also do war dat 2 Meter Distanz, d\u00e9i huet missten observ\u00e9iert ginn, an et war bei den Infrastrukturen eng Meterkarrees-Reegel, 1 op 10 m2.\nOp der Infrastruktur bleift d\u00e9i Reegel w\u00e9i se ass, och an de Piscinnen.\nPar contre gi mir eng Optioun zous\u00e4tzlech: iwwert 10 Leit, d\u00e9i Sport zesumme maachen, w\u00e4r et 2 Meter oder Mask.\nElo k\u00ebnnt Dir froen, firwat? Mir haten am Fong geholl d'Mask do net m\u00e9i envisag\u00e9iert,\net ass awer esou dass bei den Activit\u00e9s de culture physique, do falen \u00ebnnert anerem "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_40_1689940232.wav", "transcription": "Bannespillplazen dr\u00ebnner, sou Hoppszenteren, a sou Saachen, an do ass et ganz schwiereg d\u00e9i Distanz vun 2 Meter ze respekt\u00e9ieren, an dofir ass do d'M\u00e9iglechkeet da vun der Mask als Alternativ zu den 2 Meter.\nAn dann och hei er\u00ebm eng K\u00e9ier ganz wichteg: och am Sportber\u00e4ich ass d'M\u00e9iglechkeet dat Zesummekommen, deen Evenement, \u00ebnnert de CovidCheck ze setzen, wann een dat matdeelt an esou organis\u00e9iert, dass wierklech all d\u00e9i Leit d\u00e9i deelhuelen, entweder geimpft oder getest oder geheelt sinn, oder sur Place en Autotest gemaach hunn, deen dann negativ ass, da kann dat ouni weider Restriktioune fonktion\u00e9ieren.\nBei den Duschen, par analogie d'selwecht. Duschen a Vestiairen g\u00e9ifen och op 10 Persounen eropgoen, d\u00e9i do k\u00ebnnen am Normalfall zesumme sinn.\nWann et awer elo e CovidCheck-Evenement ass, da g\u00e9if och d\u00e9i Restriktioun an aller Logik falen.\nAn dann, 't ass mengen ech vergiess ginn z'erw\u00e4nen, awer ganz wichteg. Ech weess dass dat d'Leit ganz vill interess\u00e9iert:\nWa mir an engem CovidCheck"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_41_1689940232.wav", "transcription": "Setting sinn, da beweege mir eis jo ouni Restriktiounen, dat heescht mir hu keng Mask m\u00e9i un, mir k\u00ebnnen normal danzen a matenee schw\u00e4tzen,\nda k\u00ebnne mir selbstverst\u00e4ndlech och nees iessen an dr\u00e9nken. Well de Problem beim Iessen an Dr\u00e9nken, bei den Activit\u00e9s de restauration accessoires, war jo dass een eben d'Mask ausgedoen huet an de Geste barri\u00e8re gebrach huet.\nWa mir op de Geste barri\u00e8re verzichten, da kann ee selbstverst\u00e4ndlech och an esou engem Kontext nees Iessen a Gedr\u00e9nks hunn, awer just an deem Kontext.\nDat heescht, d\u00e9i Activit\u00e9s de restauration accessoires, Buvetten am Kloertext, voil\u00e0, d\u00e9i gi just wa mir am CovidCheck-Modus sinn.\nWa mir e normalen Event hunn, ech soen elo, bis 300 Leit, wou een da kann op 2 Meter s\u00ebtze mat Mask, do ass dat nach net de Fall, well do ass de Geste barri\u00e8re jo justement eben deen deen zielt, deen deen d'S\u00e9cherheet g\u00ebtt, an do w\u00eblle mir net dass d'Leit dann uf\u00e4nken de Mask auszedoen.\nDann... hat ech mir nach opgeschriwwen...eppes wat mir vergiess haten....\nDu hues et och opgeschriwwen..."}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_42_1689940232.wav", "transcription": "Voil\u00e0, jo...! Mir maachen engers\u00e4its eng Rei Fr\u00e4iheeten op. Dir gesitt, dass mir op deem heite Wee wierklech villes m\u00e9iglech maachen \u00ebnnert normalen \u00cbmst\u00e4nn.\nDat ass awer zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt mat engem Risiko verbonnen, well mir dat Fragezeichen hunn op deem indeschen Variant.\nEt ass ee Mount, wou mir w\u00ebssen, dass mir ee Risiko hunn.\nAn dofir w\u00eblle mir parallel do versch\u00e4erfte Schutzmoossnamen asetzen, wou d\u00e9i besonnesch vulnerabel Leit sinn.\nDat ass an den Alters- a Fleegeheemer an dat ass an de Spideeler.\nEt ass eng Diskussioun, d\u00e9i dir kennt, d\u00e9i ass och an der Chamber scho gefouert ginn, wou mir w\u00e4erte w\u00e4rend deem Mount hei, wou mir wierklech m\u00e9i Fr\u00e4iheete ginn, wou mir vill w\u00e4erten ausprob\u00e9ieren, w\u00e4erte mir verst\u00e4erkt parallel, do wou d\u00e9i Leit sinn, d\u00e9i vill\u00e4icht vun der Immunit\u00e9it hir net sou staark sinn, och souguer wa se geimpft sinn, eeler Leit hu vill\u00e4icht ee manner staarken, oder an der Reegel, ee manner staarken Impfschutz w\u00e9i m\u00e9i jonk Leit, do g\u00e9ife mir dat wat mir am Moment iwwert Ordonnance hunn, n\u00e4mlech "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_43_1689940232.wav", "transcription": "eng Verflichtung fir sech ze teste wann een erageet, dat w\u00e4erte mir an d'Gesetz propos\u00e9ieren anzeschreiwen.\nDat heescht, d'Visiteuren oder Leit d\u00e9i punktuell an en Alters- oder Fleegeheem eraginn, d\u00e9i musse sech testen.\nDat selwecht w\u00e4ert och fir d'Spideeler g\u00ebllen. Vill\u00e4icht eng K\u00e9ier fir et der Rei no ze huelen...\nDe Scope wier engers\u00e4its Alters- a Fleegeheemer an och d'Reseaux de soins \u00e0 domicile, dat heescht, do wou d\u00e9i eeler a fleegebedierfteg Leit sinn, och Leit aus dem Handicapsecteur, an aners\u00e4its, mir sinn an der Logik am Fong, dir w\u00e4ert et erkennen, vum Cordon sanitaire, an den Etablissements hospitaliers, dat sinn all d\u00e9i Strukturen, d\u00e9i \u00ebnnert d'Spidolsgesetz falen; an den Etablissements hospitaliers hu mir och, par Definitioun, Leit, d\u00e9i vill\u00e4icht vun der Immunit\u00e9it hir wierklech geschw\u00e4cht sinn, d\u00e9i m\u00e9i uf\u00e4lleg sinn,...\nOp deene b\u00e9ide Plazen, w\u00e4erte mir hei nei Reegele virgesinn, an zwar eben deen obligatoresche Schnelltest, oder e CovidCheck.\nEt ass am Fong geholl dat selwecht nees eng K\u00e9ier.\nEt ass de CovidCheck mat deem 3G+, entweder ee vun deenen 3 Certificate kann "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_44_1689940232.wav", "transcription": "ee virweisen, oder et m\u00e9cht een de Schnelltest sur place wann een erageet.\nDat ass fir d\u00e9i Leit, d\u00e9i op Visitt kommen, d\u00e9i op Besuch kommen, oder d\u00e9i punktuell erakommen; dat ka fir Sous-traiten sinn, asw., mir w\u00e4erten dat nach detaill\u00e9ieren am Text. Do ass et dee Prinzip.\nAn dann ass et beim Personal, wat do schafft, egal w\u00e9i ee Statut, d\u00e9i am Fong fest zu deem Etablissement geh\u00e9ieren, och CovidCheck, dat heescht, ee vun deenen 3 Certificaten k\u00ebnne virweisen oder w\u00e9instens 2 Mol d'Woch den Autotest maachen, awer verflichtend.\nDat ass am Fong geholl eng Versch\u00e4erfung vu Reegelen, well mir iergendwou \u00ebmmer en Ausgl\u00e4ich mussen hunn.\nMir akzept\u00e9ieren hei e gew\u00ebssene Risiko mat d\u00e4r Normalit\u00e9it d\u00e9i mir ginn. De Risiko ass ganz staark tribut\u00e4r vum Seri\u00f6 vun de Leit.\nEt ass et mat Oplage verbonnen. Et ass extrem wichteg, wa mir dat heite w\u00ebllen zu engem Succ\u00e8s maachen, dass mir d\u00e9i Reegelen eescht huelen.\nHei ass wierklech all Eenzelen Deel vun der L\u00e9isung. Et ka n\u00ebmme funktion\u00e9ieren wa jidderee sech drun h\u00e4lt.\nAn dat wat mir eis erwaarden, ass dass dat doten klappt, dass mir gesinn dass et d'Leit motiv\u00e9iert, dass mir immens vill Normalit\u00e9it dofir iwwert de Summer k\u00ebnne s\u00e9cheren"}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_45_1689940232.wav", "transcription": "Dat ass am Fong eis Ambitioun, dass mir do mat ganz grousse Schr\u00ebtt a Richtung Normalit\u00e9it w\u00e4erte k\u00ebnne goen.\nAn dann eise Seeldanz op Z\u00e4it... well dat ass et. Mir gesinn, d'Impfung wierkt, an et ass e Seeldanz op Z\u00e4it.\nMat all Woch d\u00e9i vergeet, hu mir m\u00e9i Leit geimpft, g\u00ebtt eis Situatioun m\u00e9i stabil,\nA mat e b\u00ebsselche Chance ass deen indesche Variant \u2013 deen huet elo een neien Numm kritt, w\u00e9i heescht en, den Delta?\nAss et Delta? Oder Gamma? Nee... iergendeen anere Numm huet e kritt... Op alle Fall, deen indesche Variant, w\u00e9i en am Moment nach bekannt ass...\nMir w\u00ebnschen eis, dass deen einfach n\u00ebmme m\u00e9i schnell ass, an d'Leit net och nach m\u00e9i krank m\u00e9cht.\nDat wier ee neie Moment, wou mir er\u00ebm eng K\u00e9ier vl\u00e4icht missten alles iwwerdenken.\nNach hu mir keng esou Informatioun, d\u00e9i best\u00e4tegt ass, an dat ass dat wat eis elo am Fong geholl ze w\u00ebnsche bleift, dass dat doten esou klappt, dass mir eis all drun halen, an dass et eis Courage g\u00ebtt fir dann dee leschten Deel vun der Streck zesummen ze packen.\nJust nach e puer Prezisiounen.\nD\u00e9i \u00e9ischt ass: bis w\u00e9ini? Dat heescht, bis de 15. Juli g\u00e9ifen d\u00e9i Mesuren, d\u00e9i mir elo hunn, zielen.\nDann "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_46_1689940232.wav", "transcription": "eng 2. Saach ass: mir hunn Iech jo gesot de QR-Code... deen dee kee QR-Code hei zu L\u00ebtzebuerg ka present\u00e9ieren:\nBei den Etablissementer besteet nach \u00ebmmer d'M\u00e9iglechkeet jo vum Autotest sur place, well et huet net jiddereen eng vun deenen anere Konditounen, dat heescht den Autotest sur place.\nDat selwecht zielt elo fir de CovidCheck.\nMir kr\u00e9ie jo d'Fro gestallt, ganz vill, vu Leit d\u00e9i reese w\u00ebllen.\nDir w\u00ebsst jo dass national Dispositioune k\u00ebnne geholl gi vu verschidde L\u00e4nner.\nVerschidde L\u00e4nner k\u00ebnne zum Beispill froen...,\nWann dir fortfuert vu L\u00ebtzebuerg aus, si jo keng Konditiounen, an de CovidCheck, dat g\u00ebtt deen, wou Dir dann och ouni Problem k\u00ebnnt hei op L\u00ebtzebuerg era reesen.\nOuni Problem.\nDe Fait ass awer, et ass m\u00e9iglech, dass Dir, wou Dir am Land sidd, dass deen awer Konditoune setzt, oder d'Fluchcompagnie, fir dierfen iwwerhaapt am Fliger ze setzen.\nDat heescht, et ass... Wann Dir Luxair flitt, da w\u00ebsst Dir dass de CovidCheck eng M\u00e9iglechkeet ass fir k\u00ebnnen ze fl\u00e9ien.\nMee wann Dir eng aner Gesellschaft huelt, d\u00e9i Reegele fir an de Fliger ze klamme k\u00ebnne vun deene fix\u00e9iert ginn.\nAn och "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_47_1689940232.wav", "transcription": "L\u00e4nner, just fir ze pr\u00e4zis\u00e9ieren, net dass een elo mengt \"wann ech de CovidCheck hu brauch ech iwwerhaapt n\u00e4ischt m\u00e9i\"...\nEt ass m\u00e9iglech dass verschidde L\u00e4nner verschidde Restriktioune ginn, fir iwwerhaapt an de Flughafe oder an de Fliger dierfen ze klammen.\nJust fir dat och ze soen!\nDann, ech hunn Iech virdrun och gesot, dass mir eis bewosst sinn, dass d\u00e9i 6- bis 30-J\u00e4reg jo nach iwwerhaapt keng Chance hate fir geimpft ze ginn an total exclu sinn.\nDat heescht, d\u00e9i kr\u00e9ien ee Bong, a mat deem Bong, k\u00ebnne si an d'Laboratoir\u00eb goen. Dat heescht, et g\u00ebtt ee Bong, deen...\nSi kr\u00e9ien ee Bong, ee Bong kr\u00e9ien se, wou se dann k\u00ebnnen och dee PCR maachen, deen se, wann si dee brauche fir iergendwou k\u00ebnnen ze reesen, deen dann och gratis ass an dann am Laboratoire de leur choix deen och k\u00ebnne maachen.\nDann nach just eng Prezisioun, well mir dat och de Moie diskut\u00e9iert hunn.\nAn de Schoulklassen, w\u00e4ert de Mask weider bleiwen, an der Schoulklass.\nMee am Schoulhaff, wou och am Moment dee Moment ass, wou d'Sch\u00fcler vill\u00e4icht dobausse sinn, an och an der fr\u00ebscher Loft och sinn, w\u00e4ert keng \"obligation de masque\" m\u00e9i sinn am Schoulhaff."}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_48_1689940232.wav", "transcription": "Gudde Moien, Tom Haas vum Tageblatt. D\u00e9i \u00e9ischt Fro wier a Bezuch op dee Bong fir Leit t\u00ebschent 6 an 30 Joer:\nDat heescht et ass fir eng K\u00e9ier an d\u00e4r Z\u00e4it bis se geimpft sinn, oder ass dee Bong m\u00e9ifach verwendbar fir ze soen:\nEch gouf elo eng K\u00e9ier getest, ech gi mech d'n\u00e4chst Woch nach eng K\u00e9ier teste loossen, fir dat och dauerhaft oprecht ze halen?\n[Xavier Bettel] De But ass... Also am Large Scale Testing sinn och d'Leit jo schonn elo geruff ginn, d\u00e9i och manner w\u00e9i 30 Joer haten. Dat ass schonn deen \u00e9ischte Facteur.\nDe Fait ass, dass mir awer w\u00ebssen, dass d\u00e9i Leit nach keng Chancen haten sech iwwerhaapt net, och op eng fr\u00e4iw\u00eblleg L\u00ebscht ze setzen.\nDofir ass geduecht, dass mir an deene n\u00e4chsten Wochen hinnen d'M\u00e9iglechkeet ginn, well mir awer och eis bewosst sinn, dass eng R\u00ebtsch vu Leit an d'Vakanz w\u00eblle fueren,\ndass se e Bong kr\u00e9ien, an, aux dates de leur choix, dass net dass dee bannent 2 Woche muss gemaach ginn, dat heescht dee Bong huet och eng laang Dur\u00e9e de validit\u00e9, wou se da k\u00ebnnen och an de Laboratoire goen de leur choix, fir dann och eben e PCR-Test k\u00ebnnen ze maachen, fir dass se net 50, 60, 80 oder 90 Euro, dat h\u00e4nkt jo dann \u00ebmmer "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_49_1689940232.wav", "transcription": "of w\u00e9i een Test Dir da w\u00ebllt maachen, scho musse bezuelen, wou aner Leit d'M\u00e9iglechkeet kritt hunn, am Fong, gratis geimpft ze ginn.\nOK. Also eng K\u00e9ier, ass et.\nJo.\nOK. Dann d'Fro:\nWann elo d\u00e9i L\u00ebscht mam AstraZeneca ofgeschafft ass, vun deene Fr\u00e4iw\u00ebllegen, ass dann eng Iwwerleeung do fir se vl\u00e4icht no \u00ebnnen opzemaachen, fir bis 20-J\u00e4reger?\nDat sinn Diskussiounen, d\u00e9i mir d'n\u00e4chst Woch w\u00e4erten och f\u00e9ieren. Ech hunn Iech just virdrun och matgedeelt, dass mir esou vill Incertitud\u00eb bei de Liwwerungen hunn, dass ech och Confirmatioun waarden, d\u00ebs Woch, ob Liwwerunge vun AstraZeneca. Ech hunn do... a bei Johnson, grouss Inconnuen.\nDat si jo d\u00e9i wou Limitatioun ab 30 och jo festgehale gi sinn. Dat sinn Diskussiounen, d\u00e9i ech g\u00e4r d'n\u00e4chst Woch hunn.\nAn ech brauch Iech jo och net ze verstoppen, dass mir och g\u00e4ren den Avis vun der Commission nationale d'\u00e9thique an all deene Saachen och w\u00ebllen do an d\u00e4r Diskussioun mat englob\u00e9ieren.\nAn d'Diskussioun hu mir op d'n\u00e4chst Woch geluecht, fir do wierklech d\u00e9i eng an d\u00e9i aner Etappen, d\u00e9i an enger Impfstrategie dann och Konsequenzen hunn, k\u00ebnnen ze tranch\u00e9ieren.\nOk. Dann eng Fro zum dem CovidCheck. Wann ech...\nEch kennen elo ee "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_50_1689940232.wav", "transcription": "Jo... Ech menge schonn, dat ass normal, dee liest ee mam Fotoapparat an dann huet een eben eng Applikatioun, also deen deen et kontroll\u00e9iere muss, huet da seng Applikatioun, d\u00e9i och normal, also d\u00e9i gratis ofluedbar ass fir dat dann z'erkennen.\n OK. Dee Cordon sanitaire, wou Dir gesot huet, do ginn d'Reegelen elo nach eng K\u00e9ier e b\u00ebsse m\u00e9i streng. Geet dat och fir d'h\u00e4uslech Fleeged\u00e9ngschter?\njo\nAn dann nach eng Fro elo: mir ginn... Dat hei si jo alles elo \u00cbffnungen, d\u00e9i mir e b\u00ebssen an d'Wee\u00ebr leeden. Mir hoffen dass et besser g\u00ebtt.\nDoduerch dass mir elo d\u00e9i Harmonis\u00e9ierung maachen, d\u00e9i op engem EU-Level duerch dee CovidCheck geet, si mir dann net och op gew\u00ebsse Weis op engem Point of no return, falls et er\u00ebm m\u00e9i schl\u00ebmm geet, a musse eng europ\u00e4esch L\u00e9isung fannen? Net dass d\u00e9i eng soen \"Bei eis g\u00ebllt de CovidCheck nach\" a mir soen \"Ah nee, dat do dat funktion\u00e9iert net m\u00e9i\".\nDat ass national Kompetenz, et steet schonn am Text dran.\nJo, et sinn 2 Saachen. Dat eent ass... hei ass et wierklech d'Dokument, wat interoperabel ass.\n't ass am Fong geholl een Dokument, wat no enger harmonis\u00e9ierter Aart a Weis erstallt ass a liesbar ass, wat och S\u00e9cherheet g\u00ebtt puncto F\u00e4lschungen."}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_51_1689940232.wav", "transcription": ""}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_52_1689940232.wav", "transcription": "Also wann alles gutt geet, ass se fir d'Entr\u00e9e en vigueur do..\nEch paken Holz un.\nDat ass esou w\u00e9i et geplangt ass. An d'Dokument braucht Dir net unzefroen, dat kritt Dir automatesch, entweder am Pabeier, wann Dir et g\u00e4ren am Pabeier h\u00e4tt, oder et g\u00ebtt depos\u00e9iert op \u00c4rem Espace personnel um Guichet.lu, wou Dir et da k\u00ebnnt eroflueden w\u00e9i aner Dokumenter och, d\u00e9i Dir do schonn haut drop hutt.\nA wann ech da richteg verstanen hunn: vum 13. un, brauch een och keen Test m\u00e9i ze maachen, wann een am Ausland war, m\u00e9i w\u00e9i 72 Stonnen, an et k\u00ebnnt een zer\u00e9ck an et huet een ee vun deenen 3...\nDat ass richteg, jo. Et sinn d\u00e9i selwecht Kritt\u00e4ren.\nOK. A vu dass d'Tester elo manner ginn, also net d'Tester, pardon, d'Impfunge manner ginn, w\u00e9i erhofft, g\u00ebtt et eventuell Prioritis\u00e9ierung, oder bleift dat nach ewech?\nD\u00e9i Diskussioun hu mir d'n\u00e4chst Woch.\n Merci!\nWell et h\u00e4nkt och of wat mir geliwwert kr\u00e9ien. Et huet kee w\u00e4ert de Leit eppes ze verspriechen, wa mir n\u00e4ischt geliwwert kr\u00e9ien, dat heescht mir musse ganz genau "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_53_1689940232.wav", "transcription": "Centre informatique gener\u00e9iert.\nDat heescht, mir hunn d\u00e9i Date jo zentral bei eis, vun de Leit d\u00e9i geimpft sinn, och vun den Tester, d\u00e9i positiv Testresultater gi matgedeelt un d'Sant\u00e9.\nAlso, wann Dir w\u00ebllt, d'Direction de la sant\u00e9 ass d'Autorit\u00e9 sanitaire, d\u00e9i responsabel ass, a mir maachen dat am Partenariat mam Centre informatique, w\u00e9i elo och schonn.\nW\u00e9i elo och schonn: den Impf-Certificat, deen Dir kritt, dee g\u00ebtt vun hinne gener\u00e9iert.\nDat heescht, an der Apdikt, wann ech do ee certifi\u00e9ierten Test maachen...?\nDat leeft iwwert d'Prozedur. Si mussen dat iwwert d\u00e9i Prozedure maachen, d\u00e9i bei eis zentralis\u00e9iert sinn.\nDa wollt ech nach froen firwat de CovidCheck-System net einfach generalis\u00e9iert g\u00ebtt, firwat et nach aner Optioune g\u00ebtt, ouni de CovidCheck, z. B. an der Gastronomie?\nDat verkompliz\u00e9iert jo awer d\u00e9i ganz Aff\u00e4r e b\u00ebsselchen. Wier do net m\u00e9i Harmonie, een eenzege System m\u00e9i einfach?\nDat heescht?\n Et k\u00ebnne jo Leit och mat Schnelltester elo, ouni CovidCheck an e Restaurant, wann ech dat richteg verstinn?\nDat ass den 3G+, dee "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_54_1689940232.wav", "transcription": "An et wier Schued, wa mir eis am Fong e Selbstgol g\u00e9ife sch\u00e9issen, an dono verschidde Fermeturen nees misste maachen.\nDat ass wierklech dat wat mir net w\u00ebllen. Mir sinn an enger Phas, an engem Phasing-out vu Mesuren.\nMee... ech... w\u00e9i ech virdru gesot hunn, et ginn nach Inconnuen, an et ass penal. Ech w\u00ebll just dorun er\u00ebnneren.\nE \"faux\" ass, wann een ee falscht Dokument present\u00e9iert, et ass e \"faux\", wann ech eppes Aneschtes benotzen, am Numm vun engem Aneren... Ech w\u00ebll just dorun er\u00ebnneren.\nAn do sti streng Sanktiounen drop, an do soll een domadder och oppassen a sech bewosst sinn, wat dat vu Konsequenze ka mat sech br\u00e9ngen.\nEch hunn eng Fro: beim CovidCheck, wann do de Status vun deem Betraffene sech \u00e4nnert, also, loosse mir soen, viru 6 M\u00e9int erkrankt, an da m\u00e9i sp\u00e9it geimpft. G\u00ebtt dat dann all K\u00e9iers adapt\u00e9iert?\nEt ass am Fong esou berechent an der Z\u00e4it, ab deem Test, huet et eben eng gew\u00ebsse G\u00fcltegkeet, an da verf\u00e4lt dat och.\nJo, da muss een... Bon, do si mir esou vill M\u00e9int m\u00e9i w\u00e4it. Wat bis "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_55_1689940232.wav", "transcription": "dohinner ass, musse mir gesinn, da muss ee ggf dann ee neie Release dovunner maachen.\nAm Moment sinn dat do d\u00e9i Kritt\u00e4ren, d\u00e9i eben och am Reglement festgehale sinn.\nMir w\u00ebssen... Ech kann Iech nach haut net soen wat dat elo bedeit iwwert d\u00e9i 6 M\u00e9int eraus. Dat ass elo mol d\u00e9i kuerz Vue, d\u00e9i mir drop hunn.\nEng lescht Fro zum Impfstoff AstraZeneca. G\u00ebtt deen nach \u00ebmmer just u Leit iwwert 55 Joer verofreecht, oder g\u00ebtt deen och elo normal agesat fir...?\nMir hunn zu L\u00ebtzebuerg... Nee. Mir hunn zu L\u00ebtzebuerg \u00ebnner 55 Joer, ass d'Recommandatioun fir net ze benotzen.\nAlso... wor den Text, dee vum CSMI zer\u00e9ckbehale ginn ass, d\u00e9i Propose, a mir hu jo zu L\u00ebtzebuerg op fr\u00e4iw\u00eblleger Basis, t\u00ebschent 30 a 55 d\u00e9i M\u00e9iglechkeet ginn.\nA vir d'Zuelen nach eng K\u00e9ier just ze soulign\u00e9ieren, hate mir am Ganzen eng, ech mengen, 34.000 Leit, d\u00e9i sech gemellt hunn, fir mat AstraZeneca...\n34.000 Leit, d\u00e9i sech gemellt hunn, an do sinn "}, {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_56_1689940232.wav", "transcription": "Muss een am Eenzelen kucken.\nMerci!\nDavid Marques fir de Quotidien.\nHutt Dir och de Moien elo schonn driwwer geschwat, wat de Vaccin vun de Kanner ubelaangt, oder ass dat och elo op d'n\u00e4chst Woch verluecht ginn, w\u00e9i Dir et gesot hutt?\n Jo, d'n\u00e4chst Woch.\nN\u00e4chst Woch dann, ok. An Dir hutt d'Altersmoyenne vun den Impfunge genannt, mee hutt Dir och den Taux d'adh\u00e9sion, d\u00e9i lescht Zuel?\n Also ech ginn Iech souguer den Taux d'adh\u00e9sion pro Alter, well deen hunn ech och hei matgeholl:\nDen Taux d'adh\u00e9sion l\u00e4it am Moment, deen h\u00e9chsten Taux d'adh\u00e9sion, dee mir hunn, wor bei de Leit iwwert 80 Joer.\nDo louch e bei 83,7%. T\u00ebschent 75 a 79, bei 82,6%, t\u00ebschent 70 a 74 bei 78,9%, bei 65-69 bei 79,1%, bei 60-64 bei 76,5%, bei 55-59 bei 74,5%, a bei 50-54, bei 71,7%.\nDat heescht, e geet erof. E geet erof."}] |