text
stringlengths 11
126
| label
stringlengths 1
27
| class
int64 0
1
|
---|---|---|
An esou engem Kouduerf géif ech keen Haus kafen. | Nascht | 1 |
Meng Urgroussmamm war laang Zäit Mod op engem grousse Bauerenhaff. | Urboma | 1 |
D'Impfung géint de Covid-19 schützt an den allermeeschte Fäll géint e schwéiere Verlaf vun der Krankheet. | Schutzimpfung | 1 |
Du brauchs dach net fir all Schissi esou eng opzeféieren! | Hasselter | 0 |
Mäin Auto brauch am Duerchschnëtt fënnef Liter. | am Schnëtt | 1 |
De Verstuerwenen huet kuerz viru sengem Doud eng handschrëftlech Ajoute op säin Testament gemaach. | Zousaz | 1 |
Vill Memberen hunn hire Bäitrag nach net bezuelt. | Viischt Dier | 0 |
Wéi laang bréien d'Gestiwwelt Bussaren? | Nordesche Bussar | 1 |
Mir ginn de Weekend mat der ganzer Boîte Schi fueren. | Séiraiber | 0 |
Op deem Gebitt sinn ech net kënneg. | Kaart | 0 |
Bei där akuter Gefor bleift kee Raum méi fir laang Diskussiounen. | Plaz | 1 |
D'Kiche steet ënner Waasser, well deen Dëlpes vergiess hat, de Krunn zouzedréien! | Topert | 1 |
Eis Por kritt en neie Paschtouer. | Kannerei | 0 |
Dëst Joer huet d'ganz Famill bei der Ouschterbotz gehollef. | Fréijoersbotz | 1 |
En dréchene Vagin ass e Problem, dee mat Crèmë ka geléist ginn. | Jirrimirri | 0 |
Hal dech net mat deem Kreemchen op! | Pluriel | 0 |
De Grand-Duc huet eist Land bei de Feierlechkeete vertrueden. | Groussherzog | 1 |
Déi nei Hygiènesmesuren hu gréisser Auswierkungen op dat ëffentlecht Liewen. | Hygiènesmoossnam | 1 |
Fir vill Transaktioune froen d'Banken eng Kommissioun. | Kurv | 0 |
D'Punkte vun deenen zwee Fächer ginn zesummegezielt. | Notten | 1 |
Wann hien net do ass, da steet de Betrib. | Boîte | 1 |
D'Justitia, mat hire verbonnenen Aen, hirer Wo an hirem Schwäert, ass d'Personifikatioun vun der Gerechtegkeet. | Personifizéierung | 1 |
Do däi Sécherheetsgurt un, soss fueren ech net! | Gaaschtaarbechterin | 0 |
Mir huele Reiser, fir d'Feier am Kamäin unzefänken. | Schminni | 1 |
Hie spaant eis ëmmer op d'Folter. | Wiertschaft | 0 |
Et gëtt vill Misär an der Welt. | Leed | 1 |
Hu mer nach Stoffi fir op d'Schmier? | Wäisse Kéis | 1 |
No deene grousse Verännerungen an der Firma huet d'Personal eng Zäit gebraucht, fir sech ze adaptéieren. | Ännerung | 1 |
Ech hu gär e bësse Schmant am Spinat. | Ram | 1 |
Verschidde Politiker sëtzen an e puer Conseil-d'administrationen. | Verwaltungsrot | 1 |
Esou Saache kënnen nëmmen engem Dräibiz ewéi him passéieren! | Topert | 1 |
Menger Mamm hire Cousin, deen hat Mécken! | Äppelviz | 0 |
Den Acteur huet seng Bekanntheet als Sprangbriet fir seng politesch Karriär genotzt. | Ënnerzocker | 0 |
Mäin alen Zerwiss däerf een net an d'Spullmaschinn stellen. | Waassermangel | 0 |
Deng Frëndin ass eng domm Porrett. | Gebrauchsanweisung | 0 |
De groe Star ass eng Erkrankung vun den Aen, bei där d'Lëns dréif gëtt. | Katarakt | 1 |
An dësem Musée kanns de en ettlech Chef-d'oeuvren aus der Renaissance bewonneren. | Aventure | 0 |
Dee Modell vu Paltong gefält mer, ech bräicht just eng Taille méi (grouss). | Spulllomp | 0 |
Ech muss séier op d'Haischen, soss geet et an d'Box! | Toilette | 1 |
Hien ass der Bomi hire Libling. | Mëtsch | 0 |
Hues du domm Tutsch näischt anescht ze dinn, ewéi mech ze emmerdéieren? | Kréischel | 1 |
Am Nopeschhaus huet viru Kuerzem e Fitness opgemaach. | Fitnessstudio | 1 |
Meng Urgroussmamm war fënnef Joer laang Déngschtmeedchen an engem Stot zu Paräis. | Ausbléck | 0 |
Eis Nopere sinn ouni Aluedung op eisem Fest opgetaucht. | Invitatioun | 1 |
Nennt mer iergendeng Zuel, déi mat enger Eent ufänkt! | Schlofzëmmer | 0 |
Duerch dëst Investissement hues de e steierlechen Avantage. | Rockmuseker | 0 |
Dee ganzen Opwand steet a kengem Verhältnis zum Resultat. | Gléck | 0 |
De Kënschtler huet d'Motiv fir d'éischt mam Bläistëft op d'Toile virgezeechent. | Grommeler | 0 |
E Promoteur huet dat ganzt Areal opkaaft, fir eng Cité ze bauen. | Terrain | 1 |
An dësem Parking facht et ëmmer no Piss. | Butsch | 0 |
Fir dëst Rezept muss een zwee rout Peperonie kleng schneiden. | Akzeptanz | 0 |
Am véierten Trimester vum leschte Joer ass de Chômage zwee Prozent geklommen. | Ofrechnung | 0 |
Fuer op déi nächst Tankstell, mir hunn net méi genuch Bensinn! | Frustratioun | 0 |
Bei enger Otitt huet een d'Ouere wéi an dacks Féiwer. | Mittelohrentzündung | 1 |
Gott seen dech! | Herrgott | 1 |
Den Daachdecker huet eis eng nei Späicherliicht agesat. | Fardeblat | 0 |
Dat heite Gefier gëtt mat Sonnenenergie ugedriwwen. | Geschwindegkeet | 0 |
Wat d'Loft méi bléist, wat d'Wandmille méi Stroum produzéiert. | Plenum | 0 |
Ech ka mer déi nächst Woch net fräihuelen, well meng Mataarbechterin scho Congé huet. | Period | 0 |
Du kanns mir dach net fir all Dreck uruffen! | Tablo | 0 |
D'Kanner hunn op Kleeserchersdag e Boxemännchen a Spillsaache kritt. | Niklosdag | 1 |
Mäi Monni huet säi Liewe laang ewéi en Eremit gelieft. | Einsiidler | 1 |
Am Kader vun de Festivitéite gëtt och en neit Monument ageweit. | Dänn | 0 |
Schwätz net an esou engem aggressiven Toun mat mir! | Tounfall | 1 |
Fir d'Mulle gëtt et verschidde Preparatiounen. | Park | 0 |
E Schofsbock sténkt bei Wäitem net esou staark ewéi e Geessebock. | Granzert | 0 |
De Brand gouf duerch e Kuerzschluss ausgeléist. | Kuerzen | 1 |
Dem jonke Regisseur säin éischte Film war e komplette Feelschlag. | Mësserfolleg | 1 |
De Parquet huet eng Obduktioun ordonéiert, well net kloer ass, u wat déi jonk Fra gestuerwen ass. | Autopsie | 1 |
Eis Hären hunn dës Saison net gutt gespillt. | Härenekipp | 1 |
Eng Apnoe ka vun e puer Sekonne bis zu wéinege Minutten daueren an ass liewensgeféierlech. | Krällebier | 0 |
An der Zeitung steet eng Rezensioun iwwer dengem Liblingsauteur säi leschte Roman. | Kritik | 1 |
Hanner hiren Handlunge stinn a Wierklechkeet kriminell Absichten. | Intentioun | 1 |
Ech si Cellistin an engem groussen Orchester. | Violoncellistin | 1 |
An deem Quartier wunne vill jonk Leit. | Depot | 0 |
Mir hunn um Floumaart en ale Vullekäfeg kaaft, mee fir eis véier Perruchen ass en ze kleng. | Artistin | 0 |
Op lëtzebuergesche Kalennere steet heiansdo och Lenzmount fir de Mount Mäerz. | Mäerz | 1 |
Bei der Kläpperei krut ee vun den Implizéierten eng op d'Bëlz. | Rommel | 1 |
Hues de schonn eng Kéier Haifësch giess? | Hai | 1 |
Hei am Land huet e Riichter iwwer 200 Affären d'Joer ze behandelen. | Geriichtsaffär | 1 |
Hien ass besser wéi säi Ruff. | Seideschwanz | 0 |
Mir fuere mam Bus an d'Vakanz. | Spidol | 0 |
Eis Dammen hunn dës Saison den Titel gewonnen. | Dammenekipp | 1 |
Fir mäin Oldtimer fannen ech kaum nach Ersatzstécker. | Ersatzdeel | 1 |
Wéi kann ee mat deem Schëld eng seriö Diskussioun féieren? | Unikum | 1 |
Dee Fléipéiter huet sech bestëmmt schonn eng Woch net méi gewäsch! | Link | 0 |
A verschiddene Länner ass et verbueden, Reklamm fir den Tubak ze maachen. | Virwuert | 0 |
Dee Schlutchen ass net ze drénken! | Muckefuck | 1 |
Et ass kal ewéi eng Sau. | ewéi der Däiwel | 1 |
Den Archeolog huet seng nei Entdeckung mat Akribie beschriwwen. | Experiment | 0 |
Ech sinn dengem Kolleeg där Deeg (een) an der Stad begéint. | deslescht | 1 |
Datt den Tubak schlecht ass fir d'Gesondheet, ass eng Tatsaach. | Fakt | 1 |
Mir sichen en neie Batteur fir eis Rockband. | Drummer | 1 |
Looss tëschent den Abschnitter méi e groussen Intervall! | Ofstand | 1 |
Ech si vum Geriicht Tuteur iwwer meng Mamm genannt ginn, well se dement ass. | Momper | 1 |
Éier mir an d'Vakanz ginn, muss ech nach den Akku vum Fotoapparat oplueden. | Batterie | 1 |
Eemol d'Woch ginn d'Kummeren am Fong gebotzt. | Grëtz | 0 |
Vill jonk Famille sinn op staatlech Zoulagen ugewisen. | Bäihëllef | 1 |
D'Amtszäit vum President gouf op fënnef Joer erofgesat. | Reagenzglas | 0 |
Ech hunn néng nei E-Mailen a menger Mailbox. | Col | 0 |