text
stringlengths 11
126
| label
stringlengths 1
27
| class
int64 0
1
|
---|---|---|
Hie sammelt Miniature vu Pompjeescamionen. | Pompjeesauto | 1 |
Wéi laang bréien d'Gielemännercher? | Giel Mësch | 1 |
Den Taxi war schonn do, mee hien huet nach an aller Gemittsrou säi Kaffi ausgedronk. | Wieder | 0 |
D'Néiesch huet der Cliente hire Rack ëmgeännert. | Gladder | 0 |
D'Entrée vum Theater ass voller Leit. | Agang | 1 |
Hien huet éiweg Lächer an den Huesen! | Strëmp | 1 |
De Proprietär huet behaapt, d'Locatairë géifen hire Verflichtungen net nokommen. | Bremsplackett | 0 |
Ech kann dengen Dommheeten einfach net méi nolauschteren! | Grondstéck | 0 |
Am Mäerz huet een d'Wäermt vun der Sonn scho gespuert. | Hëtzt | 1 |
Ech hu mer um Chrëschtmaart eng Tut Maroune kaaft. | (Séiss) Käscht | 1 |
Däi Brudder behaapt de Contraire vun deem, wat s du sees! | Géigendeel | 1 |
Et ass schonn éiweg Brauch, datt Ouschteren Eeër gefierft ginn. | Katheeter | 0 |
Mir waarden elo schonn iwwer eng Stonn, wéini komme mer endlech un d'Rei? | Loscht | 0 |
Eng Mixtur vu verschiddene Medikamenter ka geféierlech sinn. | Mëschung | 1 |
D'Doktesch ass mir mat esou enger Aart Läffel an de Mond gefuer. | Weil | 0 |
Versetz dech emol a meng Situatioun! | Wiertschaft | 0 |
Et hu sechs Leit sech op d'Plaz gemellt, mir hunn der dräi an den Interview geruff. | Begeeschterung | 0 |
Fir säin Alter huet mäi Grousspapp nach e ganz gudde Verhalt. | Mondialisatioun | 0 |
Et war fir mech keng Iwwerraschung, wéi ech héieren hunn, déi zwee géife gescheet ginn. | Ongewëssen | 0 |
E schicken Tailleur passt fir all Geleeënheet. | Deux-pièces | 1 |
De Coronavirus suergt op der ganzer Welt fir Kontaktspären. | Kontaktverbuet | 1 |
Ech sichen e Partner, fir e Geschäft opzemaachen. | Ierfgroussherzog | 0 |
Am Film dréit alles sech ëm de skurrillen Haaptpersonnage. | Haaptfigur | 1 |
Nervositéit, ënnerlech Onrou a stännegen Duuscht kënne Symptomer si fir eng Schilddrüseniwwerfunktioun. | Grenzgängerin | 0 |
Dréck dech net ëmmer esou vir, mir wëllen och emol eng Kéier zum Zoch kommen! | Schlidder | 0 |
Krauch dach dem Chef net ëmmer an den Aasch! | Terrain | 0 |
Hien huet méi en duusst Gemitt ewéi seng Fra. | Charakter | 1 |
Eise Portier ass an eng lusch Affär eragezu ginn. | Prinzip | 0 |
An der Kichen hu mer eng kleng Dreckskëscht ënnerem Spullsteen. | Poubelle | 1 |
Et heescht, et soll ee bei Alem Liicht séien. | Notioun | 0 |
Bei Ärer Demande musst Dir Ären Numm, Är Adress an Är Telefonsnummer uginn. | Nummero | 1 |
Hien huet zwou Annexe bei säi Rapport geluecht. | Anhang | 1 |
Mir hunn eng Wunneng mat zwou Schlofkummeren. | Sendung | 0 |
Esoubal d'Wick vum Knuppert brennt, muss een e fale loossen. | Aarbechtsplaz | 0 |
Déi passionéiert Motorradfuererin huet eng ganz Kollektioun vu Motorrieder. | Motocyclistin | 1 |
D'Doudelued gouf an d'Graf erofgelooss. | Betreiung | 0 |
Ënnerschreif de Kontrakt roueg, op meng Responsabilitéit! | Narkolepsie | 0 |
An der Zäit kruten d'Kanner dacks e sëlwer Couvert fir d'Kommioun. | Läffelsgeschier | 1 |
D'Schülerin huet Progrèse gemaach. | Geschier | 0 |
Hien huet säi ganzen Ierger u senger Fra ausgelooss. | Grand-Duché | 0 |
Mat deem Hammel kann een net zesummeschaffen! | Hännes | 1 |
Virun an hanner engem Gedankestréch léisst een ëmmer e Sputt. | Space | 1 |
Beim Bouschéissen hunn ech nach ni d'Mëtt vun der Scheif geroden. | Passtang | 0 |
Dee Krappert ass frech ewéi eng Sau! | ewéi der Däiwel | 1 |
D'Airline huet zwee nei Fligere kaaft. | Käicher | 0 |
Zanter gëschter probéiert dat Klengt, am Lafställchen eleng opzestoen. | Park | 1 |
Déi Eileseech ass net ze drénken! | Muckefuck | 1 |
Ech huele mäi Patron op d'Geriicht. | Tribunal | 1 |
D'Pompjeeë kruten de Brand nëmme mat vill Asaz ënner Kontroll. | Familljefeier | 0 |
Bréng eng Këscht Béier mat vun der Tankstell! | Cageot | 1 |
D'Kierchefënstere sinn duerch eng Stëftung finanzéiert ginn. | Fondatioun | 1 |
De geneeë Programm vun de Feierlechkeete steet um Verso vun der Invitatioun. | Récksäit | 1 |
Ech hat nach ëmmer e Faibel fir séier Autoen. | Schwächt | 1 |
Ech hat am Liewe scho mat villen Unikumen ze dinn, mee dat do ass dee bossegste vun en all! | Nummer | 1 |
Looss dech vu sengem Gebierels net beandrocken! | Gebrëlls | 1 |
Op der Rëntgen ass d'Erweiderung vum Mo kloer ze erkennen. | Volant | 0 |
D'Baueren hu sech an enger Genossenschaft zesummegedoen. | Groussmamm | 0 |
E ganzt Netzwierk vu Wëssenschaftler schafft gemeinsam u Léisunge fir de Klimawandel. | Reseau | 1 |
D'Grousst Wisel ass am Summer gréisstendeels am Dag an am Wanter an der Nuecht aktiv. | Hermelin | 1 |
Menger Mamm hire Cousin, deen hat Mécken! | Klacken | 1 |
Schonn an der Grondschoul soll de Kanner d'Notioun vun der Nohaltegkeet vermëttelt ginn. | Iddi | 1 |
Kéinte mir zwee Äppeljuse kréien, wannechgelift? | Äppelviz | 1 |
Fir de Puppelchen ze berouegen, huet de Papp em e Schloflidd gesongen. | Beebee | 1 |
Mir hunn alleguer ee gemeinsaamt Zil. | Changement | 0 |
De Verbriecher hat eng Aart Schléier bei sech. | Taux | 0 |
An der Schoul hunn ech léiwer d'Conjugaisoune gebéchst ewéi d'Vokabelen. | Verbraucher | 0 |
Missten déi zwee Binnerten do net scho laang am Bett leien? | Mupp | 0 |
Déi fräiwëlleg Mataarbechter krute fir hiren Asaz eng Medail. | Giddertransport | 0 |
Ech fanne mäi Kostüm net, ass en ieren nach am Pressing? | Gladder | 0 |
De Mëtteg gi mer Rout Molbiere plécken. | Preiselbier | 1 |
Esou eng grouss Reform erfuerdert Kohärenz a Wäitbléck. | Wäitsiicht | 1 |
Bei der Wiel vu mengem neien Auto hunn ech mech schliisslech um Präis orientéiert. | Granzkapp | 0 |
Zu deem Theema wëll ech en Auszuch aus engem bekannte Wierk zitéieren. | Ausschnëtt | 1 |
Mir sinn zur Conclusioun komm, datt mir dëst Joer net an d'Vakanz fueren. | Schlussfollgerung | 1 |
An déi Gässel kënnt de ganzen Dag keng Sonn. | Zäppchen | 0 |
Den Artikel 5 vum Projet de loi gouf vun der Kommissioun amendéiert. | Fatzbeidel | 0 |
Ech brauch en déckt Kësse fir ze schlofen. | Pillem | 1 |
De Kotrainer huet der Ekipp taktesch Uweisunge ginn. | Trainerassistent | 1 |
Soll de Kleeschen dir klengen Näischtert alt eppes bréngen? | Gerät | 0 |
Wéi ech bei de Coiffer koum, souze schonn e puer Hären do ze waarden. | Supporter | 0 |
Eis Kaz geet duerch d'Kellerliicht an an aus. | Schrëft | 0 |
Déi zwee Campe streide scho jorelaang. | Lager | 1 |
Mat deem Topert kann ee kee verstännegt Wuert schwätzen. | Bauz | 1 |
An der Woch stees de owes op der Areler Autobunn mat Honnerte vun Zillebäcker am Stau! | Diabeetes | 0 |
De Mann krut e Schlag, obwuel e virdrun ni e Problem mam Häerz hat. | Häerzschlag | 1 |
De Chinakol kann een dëmpen oder réi als Zalot iessen. | Chou de Chine | 1 |
D'Elteren an eiser Strooss froen en Arrêt fir de Schoulbus. | Haltestell | 1 |
Beim Präis vu mengem neien Auto hätt ech mer eng besser Finitioun erwaart! | Knaschtsak | 0 |
Wann s de d'Rosett wond hues, da maach e bësse Crème drop! | Kicherierbes | 0 |
Versetz dech emol a meng Lag, éier s de esou déck téins! | Frustratioun | 0 |
Den Ausseminister huet d'Ambassade op eng kleng Feier agelueden. | Botschaft | 1 |
Mat de gedréchente Bléie vun der Kaméileblumm kann een Téi maachen. | Grand-Duché | 0 |
Dee Fuerschungsinstitut huet eng international Renommée. | Statioun | 0 |
De Public war vum Artist sengem Optrëtt begeeschtert. | Patréiner | 0 |
Elo hunn ech Topert alt erëm d'Dier zougezunn an de Schlëssel bannena leie gelooss! | Platebande | 0 |
De Weltmeeschter leeft an der Bunn fënnef. | Inflatioun | 0 |
Mir plangen eng kleng Hochzäitsfeier ouni vill Gedeessems. | Premièresschüler | 0 |
Ech ginn net mat schwammen, well ech meng Deeg hunn. | Reegel | 1 |
Duerch d'Informatik hu sech eng Rei Gebidder rasant entwéckelt. | Domän | 1 |
Eis Nopesch, déi al Porrett, läit éiweg op der Fënster fir ze afen! | Quetsch | 1 |