text
stringlengths 11
126
| label
stringlengths 1
27
| class
int64 0
1
|
---|---|---|
D'Regierung huet dem Commissaire seng Nominatioun guttgeheescht. | Ernennung | 1 |
Eis Wäertsaache leie sécher am Safe. | Spigelung | 0 |
Huesi, solle mer fir eisen Hochzäitsdag net e puer Deeg fortfueren? | Decisioun | 0 |
Du kanns soen, wat s de wëlls, d'Péggie maachen awer nach ëmmer déi beschte Fritten! | Belsch | 1 |
Du kanns soen, wat s de wëlls, d'Péggie maachen awer nach ëmmer déi beschte Fritten! | Stéck | 0 |
No laange Verhandlungen hu béid Länner schlussendlech en Accord fonnt. | Ofkommes | 1 |
Fir säin Alter huet mäi Grousspapp nach e ganz gudde Verhalt. | Memoire | 1 |
Hal op, Uspillungen ze maachen, so et riichteraus! | Allusioun | 1 |
Den Erfolleg huet mir nees Courage gemaach. | Fousstour | 0 |
An der Paus hunn d'Kanner mat de Jicke gespillt. | Sécherheetsgurt | 0 |
Mir hunn all Joer e puer Reien Zwiwwele gesat. | Ënn | 1 |
De Mëtteg gi mer Krällebiere plécken. | Turnhal | 0 |
Wéi laang bréien d'Bëschléiercher? | Administratioun | 0 |
De Grousspapp ass mat sengen Enkelen an de Bësch Champignone plécken. | Inhalt | 0 |
D'Naturschutzgebitt huet eng Fläch vun 200 Quadratkilometer. | Surface | 1 |
Wéinst dir Träntelbatti verpasse mer bestëmmt nach den Zuch! | Greff | 0 |
Den Infirmier huet de Verband virsiichteg lassgewéckelt. | Automatismus | 0 |
Hatt huet eng grouss Narb vun enger Häerzoperatioun behalen. | Läinzeechen | 1 |
D'Kanner krute vum Chrëschtkëndche schéint Spillgezei. | Wiesseljoren | 0 |
Mäi Papp läit schonn zanter e puer Deeg op der Intensivstatioun. | Vertrag | 0 |
Op e Luftikus ewéi hie kann ee sech net verloossen. | Realisatioun | 0 |
De Chauffer krut e Protokoll, well en déi erlaabte Vitess iwwerschratt hat. | Optrëtt | 0 |
Wat ass dat eng Louderei mat deene komplizéierte Formulairen! | Britt | 0 |
D'Joffer huet de Kanner haut keng Hausaufgabe ginn. | Schouljoffer | 1 |
Vu wat fir engem politesche Bord ass hien? | Gron | 0 |
Bei staarkem Wéi an Drock op der Broscht kéint d'Diagnos Angine de poitrine heeschen. | Stenokardie | 1 |
Ech hat vun Ufank un e gewëssene Virbehalt vis-à-vis vun denge Methoden. | Reserven | 1 |
Huet däi Brudder endlech eng Aarbecht fonnt? | Job | 1 |
Dat neit Gesetz gesäit eng Rei Restriktioune bei der Juegd vir. | Progrès | 0 |
Hie geet derduerch ewéi e Panzer. | Tank | 1 |
Wärend der Kompetitioun huet all Schwëmmer seng Bunn. | Kannerzäit | 0 |
D'Enkelkanner krute vun hirem Bopa eng Auer geschenkt. | Koffer | 0 |
Bei menger Tatta steet esou vill Jirrimirri op de Schief, datt ee bal net gestëbst kritt. | Bataklang | 1 |
Um Daach vun der Schoul gëtt eng Fotovoltaikanlag installéiert. | Schneekesch | 0 |
Duerch en Zousaz am Aarbechtsrecht soll genee definéiert ginn, wat ënner Mobbing fält. | Friche | 0 |
Et brauch een eng Ermächtegung, fir e Stand um Maart opzeriichten. | Spuerk | 0 |
Ech hunn op den naasse Plättercher e Plongeon gemaach. | Tomate cerise | 0 |
De Premier huet an der Chamber eng wichteg Erklärung ofginn. | Staatsminister | 1 |
Dëse Plang gefält eis, et musse just nach e puer Korrektioune gemaach ginn. | Korrektur | 1 |
Ech hunn um Maart Bounen, Champignonen a Mange-toute kaaft. | Zockerierbes | 1 |
D'Aarbechten um Bau goufe gestoppt, well de Bauhär d'Reglement net agehalen hat. | Schaltung | 0 |
Mir woussten zu deem Zäitpunkt nach net, wéi schlëmm d'Situatioun wierklech wier. | Pastinak | 0 |
An eiser Sprooch läit d'Betounung dacks op der virleschter Silb vum Wuert. | Kannerzäit | 0 |
D'Ausstellung weist en Ausschnëtt aus dem Duerfliewen am 17. Joerhonnert. | Viaduc | 0 |
Wat hunn déi eng Onuerdnung am Haus! | Duercherneen | 1 |
Verschidden Nome gëtt et nëmmen an der Einzal. | Substantiv | 1 |
A verschiddenen Tunnellen an den Alpe muss een (eng) Maut bezuelen. | Peage | 1 |
Beim leschten Heemmatch huet d'Nationalekipp d'Spectateure begeeschtert. | Zuschauer | 1 |
Meng net, dee Knéckert géif engem e Patt ginn! | Kanalisatioun | 0 |
Datt den Tubak schlecht ass fir d'Gesondheet, ass eng Tatsaach. | Fait | 1 |
D'Museksgrupp gëtt beschëllegt, e Lidd plagiéiert ze hunn. | Oflaf | 0 |
Dëst Medikament besteet aus verschiddenen Extrakte vu Planzen. | Werbeen | 0 |
Mir hunn eise Gäscht beim Kaffi e Stéck Deckelstaart zerwéiert. | Mummentaart | 1 |
Wärend der Aidscampagne goufe Kapëttercher verdeelt. | Kondom | 1 |
Huel d'Flex, fir dee Rouer duerchzeschneiden! | Trennscheif | 1 |
Op der Rëntgen ass d'Dilatatioun vum Mo kloer ze erkennen. | Erweiderung | 1 |
Kee vun de Passagéier huet d'Fligerongléck iwwerlieft. | Perte | 0 |
An der Primärschoul hat ech meeschtens eng Eins am Fläiss an am Betragen. | Conduite | 1 |
An der Paus spillen d'Bouwe Fussball. | Jong | 1 |
De Beidelschneider ass eng Heelplanz, déi schonn am Mëttelalter an der Medezin agesat gouf. | Täschekraitchen | 1 |
De Montant vun der Geldstrof gouf vum Riichter festgesat. | Betrag | 1 |
Verschidden Naturkatastrophe sinn Zeeche vum Klimawandel. | Krankekeesekäertchen | 0 |
De Chauffer ass um Steier entschlof. | Knoutermann | 0 |
Ech wëll meng Neel ofmaachen, hues du Nagellackentferner? | Estimatioun | 0 |
Eise Betrib ass spezialiséiert op d'Veraarbechtung an d'Vermaartung vun Hanf. | Verschaffen | 1 |
Ech krut eng Véier an der Prüfung. | Porrett | 0 |
Fuer op déi nächst Bensinnsstatioun, ech muss op d'Toilette! | Tankstell | 1 |
Kleng Verännerunge falen engem net ëmmer op. | Peschtvull | 0 |
Hal deng domm Sabbel! | Suckel | 1 |
D'Rout Molbier ass zeideg. | Preiselbier | 1 |
No eisem Trëppeltour si mir eng Hameschmier iesse gaangen. | Ustalt | 0 |
Den Iwwergang vun der Primärschoul an de Lycée fält ville Kanner net liicht. | Passage | 1 |
De Mann krut e Schlag, obwuel e virdrun ni e Problem mam Häerz hat. | Virstellungsgespréich | 0 |
Hien ass schonn als Granzkapp op d'Welt komm. | Leitsgeheier | 0 |
D'Ustrécken am Auto ass bei mir e Reflex. | Turnschlapp | 0 |
Déi epideemesch Infektiounskrankheet Ebola kann déidlech verlafen. | Ebolaféiwer | 1 |
Do dee Bok of, du dees d'Kanner jo fäerten! | Decisioun | 0 |
Eng staark Péng hanner dem Broschtbeen, déi bis an den Hals oder d'Schëller ausstraalt, kann op eng Perikarditt hindeiten. | Verstännegung | 0 |
Déi Eileseech ass net ze drénken! | Ëmweltschützerin | 0 |
Mäi Cousin schafft als Kameramann bei der Televisioun. | Braddelesch | 0 |
Wéinst der Liichtsënnegkeet vun engem Aarbechter ass um Bau e schwéieren Accident geschitt. | Championnat | 0 |
Elo soen ech der elo emol d'Konditioune vun der Stee! | Schouljoffer | 0 |
Wat ass dat fir en Artist! | Kënschtler | 1 |
Mir hu laang Zäit an engem klengen Uert bei der Grenz gewunnt. | Avis | 0 |
Bei der grousser Revisioun goufe bei mengem Auto déi véier Bremszaangen ersat. | Rëtsch | 0 |
Bei enger Mittelohrentzündung huet een d'Ouere wéi an dacks Féiwer. | Otitt | 1 |
Am Zoo hunn d'Kanner nogekuckt, wéi d'Phoquë gefiddert goufen. | Eegentemerin | 0 |
Et sëtzt ee besser op engem Stull ewéi op engem Tabouret. | Hocker | 1 |
Eng Muskelschwächt kann d'Suite si vun enger harmloser Iwwerbelaaschtung vum Kierper oder vun enger uerger Erkrankung. | Myasthenie | 1 |
D'Cheffin huet hirer Roserei Loft gemaach. | Luucht | 1 |
Dees de deng unis Blus un oder déi mat den Tëppelen? | Offensiv | 0 |
Op Wäiss Ouschtere feieren d'Kanner a ville Poren uechter d'Land hir Kommioun. | Wäissen Ouschterdag | 1 |
An eiser Cité muss tëschent den Haiser en Ofstand vu wéinstens sechs Meter agehale ginn. | Primärschoul | 0 |
Dës Kannerdoktesch ass op Prematuréë spezialiséiert. | Knouterer | 0 |
Op der Ausstellung ginn d'Wierker vu jonken Artiste gewisen. | Kënschtler | 1 |
Mat senger Onverschimmtheet huet e scho vill Leit widder de Kapp gestouss. | Impertinenz | 1 |
Meng Kusin war vu Klengem un e Bild vun engem Meedchen. | Tablo | 1 |
Ech hu mer beim Bauer en Teimer (voll) Mëscht fir an de Gaart organiséiert. | Kar | 1 |
Wéinst der Vue war et derwäert, op de Bierg ze klammen. | Extrait | 0 |
Dëse Fuerscher interesséiert sech fir d'Eegenaarte vun de Kueben. | Auswäertsmatch | 0 |