File size: 25,833 Bytes
d257453
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
1
2
3
4
5
6
7
8
9
10
11
12
13
14
15
16
17
18
19
20
21
22
23
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_0_1689686064.wav", "transcription": "D'Wëssenschaft huet eis matgedeelt datt am Moment de Constat wier, datt d'Omikron-Variant 10 Mol méi sech verbreede géif an och méi ustiechend wier, wéi dat wat mir bis elo kannt hunn.\nD.h. De Facteur 10 wier hei d'Realitéit wéi am Verglach zum Delta, dee schonn am Verglach zu deem wat mir virdru kannt hunn, och méi héich war.\nD.h. datt am Fong d'Zuele vun den Infektiounen duerch d'Omikron-Variant sech all 2 bis 3 Deeg verduebelen.\nDat ass e Constat deen een och matgedeelt kritt huet aus dem Ausland.\nMir brauchen et net ze verstoppen, d.h. d'Omikron-Variant wäert och a kuerzer Zäit zu Lëtzebuerg dominant ginn.\nEt ass ze fréi , an do si mir och ganz éierlech, fir kënnen ofschléissend ze soen, wéi geféierlech d'Omikron-Variant ass.\nEt ass duerchaus méiglech datt bei der Omikron-Variant de Krankheetsverlaf méi mëll verleeft, dat "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_1_1689686064.wav", "transcription": "Dat ass eng Tatsaach, dat sinn alles Geforen déi mir mam Omikron hunn, déi mir nieft dem potentiellen, och méi schwéiere Krankheetsverlaf kënnen hunn, an déi mir net dierfen aus dem A verléieren.\nDowéinst, aus all dëse Grënn, ass de Regierungsrot och zu de Conclusioune komm, datt een d'Covid-Gesetz muss esou séier wéi méiglech och adaptéieren.\nMir hunn de Moien de Projet de Loi och op den Instanzewee bruecht a mir hu mam Staatsrot a mat der Chamber, an ech hunn och do Kontakt gehat mat där enger an där anerer Institutioun, fir ze kucke wéi si och kéinte fäerdeg bréngen, fir datt mir nach deem ganze System dee mir hunn, wou d'Chamber d'Gesetzer stëmmt, wou mir zesumme mam Staatsrot och do en Avis kënne kréien, fir datt dësen Text scho kéint dëse Freide gestëmmt ginn, a kéint e Samschden a Kraaft trieden.\nDëst fir ze ënnersträiche wéi wichteg a wéi urgent et ass Upassungen ze huelen.\nMir wëllen am Fong "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_2_1689686064.wav", "transcription": "Ausgankssituatiounen déi mir hunn, hu mir als Regierungsrot dës Mesurë festgehalen.\nAm Horeca-Secteur gëtt et eng Spärstonn vun 11 Auer Owes un.\nDat bedeit datt all Restaurant, all Café, all Disko, oder soss Etablissementer mussen um 11 Auer seng Dieren zoumaachen.\nZousätzlech dozou gëllt an Zukunft fir den Horeca-Secteur den 2G mat Exceptioun fir Leit déi och geboostert sinn.\nDat bedeit datt jiddereen deen net geboostert ass, zousätzlech e Schnelltest op der Plaz muss maachen, ier en an e Restaurant oder an e Café geet.\nDëst ass am Fong eng zousätzlech Sécherheet fir geimpften a genese Leit op Plazen, wou een d'Mask net kann unhalen, wou mir wëssen datt hire Schutz géint den Omikron net méi esou grouss ass.\nAn des Mesure ass och en Incitatif fir de Booster ze huelen.\nFir all aner Rassemblementer "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_3_1689686064.wav", "transcription": "An den Text wäerten och an de Schoulen nees d'Maskeflicht kommen fir d'Kanner a fir d'Enseignantë fir d'Rentrée, wann déi bis kënnt.\nAn d'Regierung huet och a Concertatioun mam CSMI decidéiert, datt d'Impfe fir d'Kanner alleguerten\ntëschent 5 an 11 Joer opgemaach gëtt.\nDo kënnen d'Leit iwwert impfen.lu de Rendezvous huelen.\nA mir hunn och iwwert \"Procédure d'urgence impérieuse\" Schnelltester déi mir kafe wëllen.\nMir wëllen datt de System vum 2G+ och funktionéiert an do hu mir et fäerdeg bruecht, mir hate gëschter d'Mandat kritt, an ech kann iech haut matdeelen datt mir iwwer 7,5 Mio. zousätzlech Schnelltester kafe kënnen, wat wichteg ass wa mir dat dote mat deene Schnelltester wëllen imposéieren.\nMir befannen eis hei kloer an enger Approche vun der Precautioun par rapport zu enger neier Variant vum Virus, wou mir och net, sou wéi ech virdru gesot "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_4_1689686064.wav", "transcription": "och datt déi Mesuren déi mir huelen net där einfachster sinn, mee mir wëllen awer och evitéieren datt d'Situatioun total derapéiert.\nAm Januar wäerte mir och méi e kloert Bild hunn iwwert d'Situatioun, wat genee och d'Auswierkunge vum Omikron zu Lëtzebuerg sinn.\nMir wäerten dee Moment och gesinn, ob des Mesuren duer ginn, ob se musse verlängert ginn, ob se weider ugepasst musse ginn.\nD'Texter lafen am Moment bis den 28. Februar, dat ass och virgesinn am Text, mee mir engagéieren eis, an dat geet an zwou Richtungen, wann et sech verschlëmmert, nei Mesurë mussen ze huelen, wa mir z.b. awer gesinn, datt et manner pathogen ass, datt mir och deng eng oder aner Mesure kënnen zeréckzéien.\nEch hunn dat schonn hei puer Mol gesot, an dat ass och net eidel, mir wëssen net wat an 2 oder 3 Woche ka sinn, an dofir ass et wichteg datt ee probéiert e Maximum u Sécherheet op seng Säit ze zéien.\nMir sinn eis och bewosst dat déi nei Mesuren och eng ganz "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_5_1689686064.wav", "transcription": "Betriber an hirer Aarbecht wäerten impaktéieren.\nWéi déi sanitär Restriktioune fir verschidden Aktivitéitssecteuren och wäerten en Impakt hunn.\nDofir war et eis och wichteg déi néideg Covid19-Hëllefen och ze erhéijen.\nDat heescht konkret datt mir nees op déi al Berechnungsmethoden zeréckkommen fir d'Aides non-couverts a fir d'nouvelles aides de relance.\nEsou wéi dat och schonn de leschte Wanter hei am Grand-Duché de Fall war.\nWat d'aides non-couverts betrëfft ass et néideg ginn duerch déi net Hausse vun de positive Covid19-Fäll och hei am Land déi en Impakt op Firmen aus den eligibele Secteuren huet, de Prozentsaz vun de Charges d'exploitation déi a Kont geholl ginn erop ze setzen.\nAn d'charges d'exploitation déi fir d'Berechnung vun de genannten Hëllefen a Kont geholl ginn, gi vu 75%, wéi se am Moment sinn, erëm op 100% erop, sou wéi dat schonn an der Vergaangenheet de "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_6_1689686064.wav", "transcription": "wéi schnell dat geschitt ass.\nDofir och e schnellt Handele vun eiser Säit, well mir mat all Dag nei Erkenntnisser, nei Informatioune kréien an deene Länner wou dëse Variant als éischt war.\nEch denken un Dänemark, Portugal oder England.\nEt gesäit ee mëttlerweil mat wéi enger Wucht, mat wéi enger Geschwindegkeet en sech multiplizéiert huet.\nEn ass extreem séier dominant ginn.\nAn och wann eisem offizielle leschte Bilan no eréischt 5 Fäll hei geortet gi sinn am Sequensage, musse mir dovunner ausgoen datt dat bei eis net wäert anescht sinn.\nDeen doten Typ u Variant huet dat u sech fir sech esou schnell ze verbreeden.\nDe Xavier Bettel huet et gesot: am Moment ass d'Schätzung datt en an 2 Deeg sech verduebelt.\nAll déi di Freed um Rechenunterrecht hate kënnen sech rechne wat dat bedeit: eng Verdueblung am Schnëtt bannent 2 Deeg.\nFir déi di net esou gär rechnen: et muss een einfach dovunner ausgoen, datt e ganz schnell wäert hei am Land och dominant sinn.\nMat alle Konsequenz déi datt huet. Eng éischt Konsequenz ass datt mir doduercher vill méi Neiinfektioune wäerte "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_7_1689686064.wav", "transcription": "Eng Rei Saache wësse mir entretemps, \"entretemps\" ass gutt gesot, well d'Informatioune komme quasi am Stonnentakt.\nMir wëssen, an dat si keng esou positiv Nouvellen, datt déi geheelte Leit an déi geimpfte Leit manner gutt geschützt sinn, wéi dat beim virege Variant de Fall war.\nMir haten duerch den Impfschutz beim Delta ronn duebel esou vill Risiko neiinfizéiert ze ginn, fir een deen net geimpft ass, z.B. wéi een dee geimpft ass.\nBei de Geheelten, also déi di elo just de Covid eng Kéier haten an net geimpft sinn, ginn déi rezent Schätzungen a Richtung datt een 3 bis 5 Mol méi eng héich Probabilitéit huet eng Neiinfektioun ze kréien.\nDat ass vill. Dat ass ganz vill.\nDofir och do en neie Risiko.\nEt gehat hunn eleng ass net en optimale Schutz.\nAn och leider muss ech soen: datt wann d'Leit geimpft sinn, wann d'Impfung wäit zeréckläit, d.h. méi wéi 4 bis 5 Méint"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_8_1689686064.wav", "transcription": "An dësen Taux ass dat wat mir mussen ustriewen, datt mir wierklech weider un dëser Front schaffen.\nMir hunn dofir, fir et ze resuméieren, 3 grouss éischt Prioritéiten, normalerweis huet een eng, mir hunn der 3 an dëser Situatioun an do maachen ech e ganz groussen Appell u jiddereen:\nDéi éischt Prioritéit sinn déi vulnerabel Leit.\nMir wëssen datt eng Rei Leit sech net richteg kënne schützen, datt si duerch hire Gesondheetszoustand anescht exposéiert si wéi aner.\nSi wäerten natierlech an dëser Zäit an enger besonnescher Gefor sinn.\nHei wierklech den Appell u jiddereen, u si selwer: Passt op Iech op.\nAn un déi Leit ronderëm: Passt op si op.\nDrot Masken, maacht Schnelltester virdrun, evitéiert dës Leit mat op Plazen ze huelen, oder op Plazen ze goen, wann Dir selwer concernéiert sidd, wou vill Gedrécks ass, wou wierklech eng grouss Ustiechungsgefor ass.\nEt ass wierklech net ze ënnerschätzen.\nA fir dës Leit hu mir säit Ufank vun der Pandemie nach net wierklech eng optimal Alternativ.\nWa se net geschützt sinn, besteet nach d'Hoffnung op Medikamenter.\nEch mengen dir wësst alleguerten datt mir och do"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_9_1689686064.wav", "transcription": "weider kommen, mee lues a lues. Mir sinn net do, datt mir e Wonnermëttel hätten.\nZweet éischt grouss Prioritéit ass d'Primovaccinatioun.\nEen deen net geimpft ass, ass hei engem extreem héije Risiko ausgesat.\nDe Virus zirkuléiert schnell, ass extreem ustiechend iwwert d'Aerosolen.\nDofir nach eng Kéier den Appell, an ech si frou datt déi lescht Wochen awer Friichte gedroen hunn, datt nach ganz vill Leit de Wee bei d'Impfung fannen, d'Primovaccinatioun ass wichteg, fir déi di nach guer net et haten, och fir déi di genese sinn.\nGanz groussen Appell, ech hat et virdru gesot: Hire Risiko sech unzestiechen ass och wesentlech méi héich mat deem heite Variant ageschat wéi virdrun.\nOch do den Appell: wann ee geheelt ass, et ass wierklech vill besser trotzdeem eng Impfung dobäi ze maachen.\nDat gëtt e wesentlech bessere Schutz.\nAn déi drëtt éischt Prioritéit, wann ech esou ka soen, dat ass d'Boosteren.\nDat kritt nach wierklech méi eng Urgence wéi mir dat souwisou schonn ugeduecht haten ier dëse Variant opgetaucht ass.\nDat ass wierklech net ze ënnerschätzen. Et ass entretemps "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_10_1689686064.wav", "transcription": " kloer, datt wat d'Impfung méi wäit zréck läit, wat den Impfschutz méi niddreg ass.\nDofir och do den Appell: wann dir d'Invitatioun kritt fir iech ze boosteren, gitt, maacht et.\nHuelt iech de Rendezvous oder gitt an d'Pop-up Store wou dir kënnt ouni Rendezvous goen.\nDat ass zu dësem Zäitpunkt wierklech dat wat mir jidderengem kënne recommandéieren, fir hei beschtméiglech geschützt ze sinn.\nZweet Prioritéit: dat betrëfft eis alleguerten, geimpft oder net geimpft, mat deem wat hei virausgesot gëtt, mat där Vitesse déi dëse Variant huet fir sech ze verbreeden, ass déi zweet Prioritéit wierklech op d'Brems trëppelen.\nAn do ass e kollektiven Effort gefuerdert, dat kënne mir nëmmen als Gesellschaft packen.\nDofir den Appell an och déi Mesure, déi mir elo d'Urgence probéieren en Place ze kréien, déi ginn a Richtung elo eng Kéier lues ze trëppelen iwwert d'Feierdeeg.\nEch weess et ass genau net dat wat mir eis dëst Joer gewënscht haten.\nMir hate schonn en ellent Enn des Jores d'lescht Joer, mee leider si mir an der Situatioun wou och dat, dat ass "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_11_1689686064.wav", "transcription": "natierlech och net den Expert selwer, mee Dir wësst datt mir eis hei un eis Experte-Gremien an Europa halen.\nEch ginn och dovunner aus, datt eis Situatioun e bëssi eng aner ass.\nMir hu jo och nach eng aner Hoffnung.\nDat ass datt mir an den éischte Méint vum nächste Joer vläicht och nach nei Vaccinen hunn.\nVaccinë vun enger 2. Generatioun, déi méi effikass sinn.\nEch géif do de Laascht komme loossen.\nEt ass wéi de Xavier Bettel et sot: eis Suerg ass elo mol, bëssi wéi an engem Tennismatch, \"une balle après l'autre\".\nElo geet et drëms déi Primovaccination ze kréien, déi Leit ze boosteren, déi am Delai si fir geboostert ze ginn.\nAn alleguerten opzepassen. An dat anert, do si mir natierlech hannendrun.\nEsou bal nei Erkenntnisser komme wäerte mir déi afléisse loossen.\nMee wéi gesot och do besteet jo och nach eng Hoffnung datt een eventuell nei Moyene kritt, fir hei dogéint virzegoen.\nEch menge wa mir eppes geléiert hunn, dann datt d'Fuerschung hei extreem aktiv ass a mir sollen dorobber vertrauen, dat suivéieren, an dat esou schnell wéi méiglech afléisse loosse wat un neien Erkenntnisser "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_12_1689686064.wav", "transcription": "déi mir zoumaachen z.B. Diskoen déi zou sinn, do ginn et jo Fermeturen.\nAn dann hu mir déi déi net méi kënnen normal schaffen, d.h. wann een um 11 Auer muss zou maachen, wou een awer bis 1 Auer konnt schaffen.\nDofir hu mir all déi Aiden, déi verschidde Moossnamen déi mir haten, wou och d'Seuilen an d'Luucht ginn.\nAn d'aide non-couverts, dat war fir déi di duerch all déi aner Rastere falen, datt een do och nees weider kënnt.\nDe Mëttelstandsminister, de Lex Delles, wäert och driwwer kommunizéieren, en huet och scho Kontakt opgeholl mat der Horeca, well dat ass dee Secteur deen am meeschte concernéiert ass, vun de Fermeturen oder de Restriktiounen.\nMee Dir sollt och net vergiessen, datt eng Rëtsch vun anere Secteuren, wéi z.B. d'Kultur, och impaktéiert gëtt, wou Concerten oder aner Saache sinn.\nAn z.B. hunn ech Iech virdrun och vun den Organisatiounen, déi elo Baler oder aner Saachen organiséieren, gezielt do ginn et normalerweis Assurancen.\nA mat där "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_13_1689686064.wav", "transcription": "déi mir och am Regierungsrot hate fir de \"Plan de maintien\" vun den Aktivitéiten ze hunn.\nD'Arméi ass eng Méiglechkeet, mee d'Arméi ass och net inepuisabel.\nWa mir d'Arméi elo schonn huele fir d'Schnelltester a fir den Tracing ze maachen....mir hunn eng Arméi déi limitéiert ass, mat 900 bis 1.000 Leit.\nEt soll een net vergiessen datt si och am Ausland Missiounen huet, an déi Leit och eng Preparatioun musse maachen.\nEch hu keng Loscht duerno Kanounefudder ze hunn. Well wou Missioune sinn an och Risk ass....datt d'Leit null Formatioun hunn.\nDat heescht et ass scho wichteg datt si och déi Formatioun hunn.\nEt muss een de richtegen Equiliber fannen.\nMir hunn och gëschter driwwer diskutéiert an da kann ech direkt dovunner profitéiere fir hei en Appell ze maachen, datt Leit déi am Moment an der Fonction publique sinn, wëllen z.b. am Tracing hëllefen, well mir och mat der Adem oder mat anere Leit gekuckt hu fir Hëllef ze kréien, mee wann do Leit sinn déi volontaire och bereet sinn ze hëllefen, kënne sech och gäre mellen.\nAll Persoun, déi do mat mécht fir am Tracing méi séier weider ze kommen, hëlleft.\nMir sinn am Moment an enger Situatioun wou "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_14_1689686064.wav", "transcription": "mir duerch d'Hausse vun de Fäll nees op de System zeréckkommen wou d'Leit informatesch d'Prozedur maachen, d.h. datt een e Mail kritt, datt een dat kann ausfëllen.\nMee dann net méi de Contact telephonique, deen awer net onwichteg ass.\nA mir sinn eis och am gaangen d'Fro stellen, wa Studenten..well mir wëssen datt iwwer Chrëschtdag Studenten och bereet si fir als Volontaire ze schaffen, fir am Tracing,....datt och tëschent der Santé an der Fonction publique gekuckt gëtt wéi een dat kéint organiséieren.\nWell hei ass all main d'oeuvre wichteg.\nA wann der ewech falen, am Tracing wier dat schrecklech wann iwwerhaapt keen Tracing kéint organiséiert ginn.\nMee de Fait ass, d'Arméi kann net alles ganz eleng. Mir sinn awer am gaangen ze kucken, duerch d'Cellule de crise, wou d'Santé mam HCPN zesumme sëtzt, fir eeben e Plang weider ze hunn am Fall\nwou eng Administratioun net méi kéint funktionéieren.\nMee, ech sinn elo ganz direkt mat Iech. Ech hunn d'Chance datt mir hei zu Lëtzebuerg och fräiwëlleg Pompjeeën hunn"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_15_1689686064.wav", "transcription": "De But ass dofir Mesuren ze huele fir ze evitéieren datt mir eng Kéier an eng Situatioun kommen, wou verschidde Servicer net méi kënne funktionéieren.\nAn ech hu virdrun d'Beispill geholl: de Pompjee, deen duerno krank doheem ass, dee ka kee Feier läschen.\nEn Educateur, e Proff dee muer krank ass, ka sech net em d'Kanner këmmeren.\nEn Dokter dee muer net do ass, oder eng Infirmière, ka sech net e Kranke këmmeren.\nAn dat sinn all déi Fäll, wou an onsen Aen et wichteg ass haut eebe Mesuren ze huelen, fir datt mir kucken datt dee Impakt esou kleng ewéi méiglech bleift, och vun deem Omikron, duerch déi Interaktiounen déi awer elo an deenen nächste Woche riskéieren ze kommen.\nMee de Plang....Dir hutt mir eng Fro gestallt an ech hunn elo laang erkläert...gëtt zesummen an der Cellule de crise nach weider thematiséiert.\nMee ech profitéieren dovunner fir en Appell: wa Beamten...also et kënnt nach eng intern Kommunikatioun,...wa Beamte wëllen hëllefen, awer mat enger gewëssener Flexibilitéit, well dat heescht och Owes méi spéit schaffen an och de Weekend schaffen.\nDat sinn all déi Saachen, déi eis och Suerge maachen.\nMee den Appell ass do: all déi Leit déi wëllen hëllefen, si wëllkomm."}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_16_1689686064.wav", "transcription": "Dir hutt elo de Contact Tracing ugeschwat. Ginn et do elo scho Pläng fir deen opzestocken, wann dee Virus méi infektiéis ass.\nWann do esou vill méi Infektiounen den Dag eventuell komme kënnen, gouf do scho preventiv opgestockt, d'Personal?\nJo mir sinn am gaange säit Wochen opzestocken, säit Méint bal mëttlerweil, well ee sech awer op den Hierscht preparéiert huet, dat leeft.\nMir sinn awer och am gaangen ze berechne bis wou hinner mécht den Tracing Sënn.\nDir erënnert iech vläicht, et ass laang hir, mee wou mir déi lescht méi akut Phas haten an der Pandemie, hu mir och dat berechent: bis wouhinner mécht dat Sënn?\nAb enger gewësser Zuel vun Neiinfektiounen, wann dir iech virstellt dir huelt e Modell wou der sot, wéi vill Kontakter huet een am Schnëtt, do kënnt ee ganz séier op ee Mol op eng Situatioun wou een d'ganz Land geläämt hätt.\nOch déi Berechnunge si mir am gaangen ze maachen.\nDo komme jo elo nei Elementer.\nAn déi Rechnung war relativ einfach ier mir eng Impfung haten, well ee konnt Hypotheese maachen: et seet een eng Persoun huet am Schnatt eisen Erfarungen no z.B. 6 Kontakter, da kann een dat rechnen."}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_17_1689686064.wav", "transcription": "Jo d'Testwoch hu mir en éischt Bilan effektiv kritt, dat war gutt.\nMir hu bal 3x esou vill positiv Resultater wéi soss déi deklaréiert gi sinn.\nFir genau ze sinn 379 waren dat déi elo op déi Woch zeréckzeféiere sinn.\nMir wëssen awer och datt donieft eng ganz Rei Leit et net deklaréiert hunn.\nDat ass eng Formalitéit, dat ass net jidderengem senges, dat wësse mir awer iwwert de Feedback dee mir kréien.\nEt sinn esou guer nach zousätzlech eeben duerch dës Campagne Leit déi einfach direkt e PCR maache gaange sinn.\nEsou datt dat an onsen Aen e Succès war, do hu vill Leit matgemaach.\nAn dat huet eis erlaabt awer dach wierklech Neiinfektiounen ze orten, dat alles Fräiwëllegkeet.\nDat war eng gutt Saach a mir sinn och am plangen, de Bilan ze maachen, et war grad gesot ginn, mir hu grouss nei Bestellungen.\nEt ass sécherlech eng Iddi dat nach eng Kéier am Januar ze maachen.\nMir schaffe grad dorobber.\nWann Dir erlaabt. Ech hunn och hei d'Zuele vun den Impfungen déi gemaach gi sinn:\nMir hate jo d'Impfwoch, d'Woch vum Kleeschen, dunn huet se opgehalen.\nMee z.B. den "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_18_1689686064.wav", "transcription": "Vaccinatiounen déi gemaach gi sinn.\nDat heescht do ass och vill geboostert ginn.\nDen Dag drop z.B. hate mir der 818, mee bei 7.348, do ass et beim Boosten och erop gaangen.\nDir wësst jo datt mir och beim Booste jo Delaien erofgaange sinn.\nAn och bei Johnson jo enge gewëssen Ouverture komm ass.\nAn elo just z.B. d'Zuele vum 21.12. Do si 966 éischt Dosisse gemaach ginn, bei engem Total vun 8.300 déi deen Dag geimpft gi sinn.\nD.h. beim Booster kënnt een och gutt weider.\nAm Moment hu mir och eng Capacitéit vu Vaccinatioune vun ongeféier 45.000 Impfungen déi een d'Woch kéint maachen.\nA mat der Ouverture vun der Luxexpo wäerte mir bei 54.000 och kommen.\nEt sinn eng Rëtsch vun Invitatioune verschéckt ginn. Et sinn der leschte Freideg 15.000 verschéckt ginn.\nA Virgëschter sinn der nach eng Kéier 75.000 verschéckt ginn.\nDofir invitéieren ech och d'Leit déi d'Invitatioune kritt hunn, fir d'Rendezvousen och ze huelen, wat d'Situatioun och méi einfach mécht.\nAn och sech gutt ze informéiere "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_19_1689686064.wav", "transcription": " wéi et geet, well et sinn eng Rëtsch vu Leit déi hu kee Rendezvous an da komme se dohinner an da kréie se am Impfzenter gesot: et geet awer just iwwer Rendezvous.\nNet datt si enttäuscht sinn, do gëtt et nach ëmmer Ënnerscheeder tëschent engem Impfzenter, engem Pop-up oder engem Dokter.\nDofir ass et och wichteg datt d'Leit sech do informéieren.\nMee mir gesinn dat awer d'Zuel vun de Boostere wierklech héich bleift, a bei den Éischtimpfungen,...wann ech mech net ieren hunn ech en Artikel gëschter an der belscher Press gelies, datt an der Wallonnie tëschent 600 an 800 Leit éischt Impfungen den Dag géife kréien.\nMir leien hei bal driwwer, an d'Populatioun ass méi kleng.\nDofir gesi mir datt d'Éischtimpfungen hei zu Lëtzebuerg och säit de leschte Woche méi héich ginn ass.\nDat ass immens wichteg well dat sinn déi di wierklech och am vulnerabelste sinn an där ganzer Ketten.\nDann hätt ech nach eng Fro zur Impfflicht.\nDir hutt gesot et géifen nach juristesch Etude gemaach ginn.\nDir hutt och gesot et ass eng nei Dimensioun vun der Pandemie.\nVill Stëmmen aus dem Gesondheetssecteur schwätze sech fir eng Impfflicht aus, an dat zum Deel däitlech.\nLo sot Dir mir mussen nei Etude "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_20_1689686064.wav", "transcription": "Mir schafen eis eng Basis fir eng politesch Decisioun ze huelen.\nEt gëtt eng Rei Optiounen et muss een ëmmer bis hannenhin duerchdenken.\nD'Avantage vun enger sektorieller, mécht dat Sënn esou ee Schrëtt ze huelen, oder mécht et méi Sënn wann een op eng allgemeng Solidaritéit geet, fir op eng allgemeng direkt ze goen?\nDo muss een d'Optioune propper duerchschaffen. Juristesch Etüd an deem Sënn... dat ass eng Basis déi ee sech gëtt fir ze soe wat si genau eis Optiounen.\nMir sinn am gaangen eeben dat vu vir bis hannen duerch ze denken: Wat bedeit dat? Et gëtt ëmmer gesot Impfflicht, mee domadder ass et net gedoen.\nWann der eng Impfflicht hutt, musst dir awer nach reegelen: wat däerfen dann elo déi geimpften an net geimpfte Leit maachen am Liewen?\nDat ass net automatesch matgereegelt, d.h. et muss een dat schonn duerchspillen.\nDat ass Backoffice-Aarbecht déi een um Lafen huet.\nMeng Positioun ass relativ kloer vum Ufank vun der Pandemie un: ech fannen et net gutt, net glécklech wa mir dat musse maachen.\nEt ass déi ultimativ Schrauf un där een dréine geet.\nAn där Situatioun wou mir haut sinn, kann ee soen datt d'Situatioun sech wierklech dramatiséiert "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_21_1689686064.wav", "transcription": "Ech hätt do gären eng Positioun Mëtt Januar.\nEch hätt gären eng kloer Positioun Mëtt Januar.\nMir kënnen net waarde bis all d'Emotioune fort sinn.\nMir mussen eng Decisioun huele Mëtt Januar.\nDofir déi Fro a si ass och berechtegt: Wat sinn d'Konsequenze vun net-geimpften/geimpft sinn, wat kann een dann nach maachen.\nDéi Äntwerte musse mir hunn, dofir wëll ech nach déi 3 Wochen do hunn, mee Mëtt Januar musse mir eng Decisioun huelen.\nEt muss ee kucken op esouguer nach d'Chamber consultéiert virdrun, ier een do en Text decidéiert.\nDe But ass jo net ze splécken, mee zesumme Léisungen ze sichen.\nDir wësst datt et ni de preferabelsten Auswee war vun enger Regierung, mee wann dat eng vun de Léisungen ass, da hu mir eis Verantwortung och ze iwwerhuelen.\nMee erlaabt eis all Informatiounen doriwwer ze hunn an och mat de concernéierten Acteuren, mir hunn do d'Spideeler an och d'COPAS déi dat gefrot hunn, dat och wichteg ass fir ze wëssen datt déi och dofir plaidéieren.\nMee et geet net duer dat eent ze decidéieren, wann een net weess wat d'Konsequenzen do hannen dru sinn"}